Generalversammlung
Amicale Natzweiler-Struthof – Gedenken a Jugendaarbecht
Waldbëlleg. Am Joer 1966 ass d’Amicale des anciens prisonniers et des familles de disparus de Natzweiler-Struthof zu Uesweiler ënnert dem President Robert Krieps gegrënnt ginn. Zënterhier setzt si sech derfir an, dat d’Nimm vun den Affer vum Naziterror an hir Schicksaler net vergiess ginn. An der Generalversammlung huet de President Pierre Huss e groussen Deel vun de Membere kënne begréissen. No enger Gedenkminutt fir di Verstuerwen aus der Amicale huet de Sekretär Lex Huss déi verschidden Aktivitéiten opgezielt: Niewent der Gedenkfeier den 19. Mee zu Déifferdeng op där déi siwe Lëtzebuerger Jonge geéiert ginn, déi deen Dag 1944 zu Natzweiler erschoss gi sinn, an der Rees vun zwee Deeg am September op Natzweiler, war d’Amicale bei ville Gedenkfeieren am Laf vum Joer vertrueden. Ausserdeem ware Vertrieder vun der Amicale a verschidde Lycéeë fir de Schüler mat engem interessante, multimediale Virtrag en Abléck an d‘Geschicht vum KZ ze ginn. De President war och mat verschidde Gruppen an dat fréiert KZ fir op der Plaz déi néideg Erklärungen ze ginn. D‘Françoise Flesch konnt eng gesond Keess präsentéieren. Op Virschlag vum Jerry Huss an deenen zwee anere Keesserevisore huet d‘Generalversammlung Decharge ginn. D’KZ Natzweiler-Struthof am Elsass, knapp 60 Kilometer hannert Stroossbuerg, war eent vun deene mäerdereschste Lager vum NS-System. 52 000 Deportéiert waren do ënner onmënschleche Konditiounen internéiert. 418 Lëtzebuerger, gréisstendeels Resistenzler, waren ënnert de Gefaangenen, 88 sinn der do ëmbruecht ginn. Fir datt déi schrecklech Zäit net vergiess gëtt, organiséiert d’Amicale all Joer am Hierscht eng Gedenkfahrt op Natzweiler. All interesséiert Leit sinn häerzlech wëllkomm fir bei dëser Rees vun zwee Deeg matzefueren.
Lex Huss via mywort www.amicale-natzw.lu