Grouss Gebuertsdagsfeier
Rouse fir 22 Gebuertsdagskanner am Home St-François zu Miersch
Miersch. All Pensionären a Schwësteren aus dem Home St-Joseph vu Miersch, déi tëschent dem 27. Oktober an dem 25. Januar gebuer goufen, sinn am Kader vun enger gemeinsamer a flotter Gebuertsdagsfeier mat enger Rous geéiert ginn. Et war déi éischt Veranstaltung fir dëst Joer, déi zesumme mat de Membere vun de Familljen organiséiert ginn ass. D’Gemenge vu Bissen, Colmar-Bierg, Helperknapp, Fiels, Lëntgen, Miersch a Noumer ware vertrueden. Am Numm vun der Direktioun a vum ganze Personal mat der Schwëster Paule Detampel huet de HomeDirekter Nicky Wintringer alle Jubilare gratuléiert a weiderhin eng gutt Gesondheet an en zefriddent neit Joer gewënscht. No enger Coupe Cremant waren et d‘Musikante Willy a Ferdy, déi wéi gewinnt de ganzen Nomëtteg iwwer mat flotter Ënnerhalungs- an Danzmusik fir super Stëmmung am festlech gerëschte Sall gesuergt hunn. Héichpunkt vun dëser Gebuertsdagsfeier war ouni Zweifel d’Opschneide vum grousse Gebuertsdagskuch. D’Jubilare waren: Anna Goetzinger Frisch (78 Joer), Luisa Da Silva an Josette GodartJohanns (79), Gregorio Da Silva (80), Irmy Alen (81), Catherine Cornelius-Reckinger (82), MaggyLieffring-Raas(84), Denise Schmit-Hansen, Juliette Kraus
Reuter, Sr. Gabriele Thull an Marcelle Garatti-Boentges (85), Victor Betz (87), Guillaume Bock an Anne-Marie Jacoby-Linden (88), Hélène Wirth-Salentiny an Marguerite Hansen-Hengen (91), Jean Kauffmann (92), Roger Hilbert (93), Laure Robert-Wagner an Anna Mertens-Schmitz (94), Albertine Arendt-Monen (97). Fir hiren 100. Gebuertsdag ass d’Marie Parmentier-Baum zum Schluss mat engem kräftegen „Happy Birthday“geéiert ginn. Bei engem gudden Owesiessen huet des flott Feier a gudder Gesellschaft hire würdegen Ofschloss fonnt.