Scheckiwwerreechung
Erléis vun der Adventsfënster-Aktioun weiderginn
Préizerdaul. Mat engem detailléierten Adventskalenner duerch d’Gemeng, waren 22 Famillen aus dem Préizerdaul der Invitatioun vun der Kommissioun fir interkulturellt Zesummeliewen nokomm, fir am Dezember hir Adventsfënster ganz schéin ze rëschten. Mat engem Tour duerch d’Duerf hat déi erfollegräich Aktioun fir d’Joer hiren definitiven Ofschloss fonnt. Bei Geleeënheet vun de Besichtegungen, konnten di vill Duerfbewunner, déi bei sämtleche Fënstere kulinaresch verwinnt goufen, e klengen Don an eng Këscht geheien. Viru Kuerzem ass dunn am Kader vun enger klenger Feier den Erléis iwwerreecht ginn.
D‘’Presidentin vun der Dauler Kommissioun, Lena Hatto, huet jidderengem Merci gesot, dat all bedeelegt Famillen sech spontan bereet erkläert hate, fir bei dëser AdventsfënsterAktioun mat ze maachen. Mat engem opriichtegem Merci fir den nobele Geste, konnten d’Joëlle Noesen an d’Renée Fischer a Vertriedung vum Office social Réiden/Atert de Scheck vun 2 218,11 Euro entgéinthuelen. Dës Sue ginn integral duerfir agesat, fir de Mënschen, déi dringend sozial Hëllef brauchen, ze ënnerstëtzen. A sengem Schlusswuert huet de Schäffe Marc Rehlinger d’Initiativ vun der Dauler Kommissioun fir Zesummeliewe besonnesch ervirgehuewe, mat der Hoffnung dat esou eng Aktioun fir de gudden Zweck och an de kommende Joren am Préizerdaul onbedéngt ka weidergefouert ginn. Als spezielle Merci fir hir steets Presenz bei sämtleche Fënsterbesichtigungen sinn de Will Antony an d‘Tessy Wolter mat enger gutt gefëllter Corbeille geéiert ginn.
Charles Reiser via mywort