Generalversammlung
D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrich mécht hier Dieren op
Dikrech. Kierzlech war a Präsenz vum Buergermeeschter Charel Weiler, dem Kulturschäffe Paul Bonert, dem President vun der Kulturkommissioun Robert Bohnert an der Éierepresidentin Christiane Bachstein d‘Generalversammlung vun der Chorale Municipale Sängerbond Dikrich. No der Begréissung vum President Manfred Logeling, gouf no engem ausféierlechen Aktivitéitsbericht op eng gesond Keess gekuckt. Och den Dirigent Andy Loor war dankbar fir ee flott musikalescht Joer a freet sech op déi kommend Projeten.
Am Comité goufen d’Karin Flammann a d’Marguy Toussaint-Lorentz als Member an de Manfred Logeling als President bestätegt.
Um traditionelle Banquet den 20. Januar haten sech d’Memberen an hier Éierepresidente Jean-Marie Dillmann a Christiane Bachstein am „Jardin du
Portugal“afonnt. Dräi Medaile konnten deen Owend aus den Hänn vum Joé Heintzen, Vertrieder vun der UGDA, iwwerreecht ginn: Insigne fir de Victor Schalz, Médaille de mérite en vermeil fir de Jos Majerus a Médaille de mérite en vermeil avec palmettes fir de Manfred Logeling.
De Veräin kann op eng flott Saison zréckblécken. Den 9. Juli huet de Sängerbond zesumme mat dräi anere Chéier a begleet vun der Luxembourg Philharmonia de Concert „Bouquet d‘Opéras“an der ausverkafe Philharmonie präsentéiert.
Niewent de gewinnte Rendez-vousën wéi Oktav, Nationalfeierdag an Hämmelsmarsch, stoung virun allem ee Projet am Fokus: Sängerbond & friends meet movies. Mat Filmmusekextraitën, zum gréissten Deel arrangéiert vum Dirigent Andy Loor, huet de Sängerbond dem Public all Facette vun der
Stëmm gewisen. Begleet vun engemZéng-Mann-Orchesterwaren d‘Leit begeeschtert vun deem neien a sprëtzege Chouer.
De Sängerbond huet am läschte Joer nei Weeër gesicht fir sech ze verstäerken. Mat hirem Konzept „Sängerbond & Friends“huet de Veräin seng Dieren opgemaach an all Sänger empfaangen, dee bei hirem Movies-Concert am Dezember wollt matsangen. Vun iwwer 20 Leit, déi sech gemellt haten, hu 14 Leit beim Concert matgesongen, a vun deenen si véier Stéck Member am Veräin ginn
D’Chorale Municipale Sängerbond ass matt hiren 173 Joer eng vun den eelsten am Land. Mee am Géigesaz zu anere Veräiner, déi ëm Nowuess an Erhalt kämpfen, geet de Sängerbond matt vill Energie an Elan an engem gudde Grapp voll neier Memberen an eng positiv Zukunft.
Joelle Muller via mywort