Generalversammlung
E gutt Joer bei der Uespelter Musek
Uespelt. Viru Kuerzem huet d‘Uespelter Musek hir Generalversammlung vum läschte Joer ofgehalen. Am Ufank huet de President Pol Schiltz all Musikanten, de Buergermeeschter, d‘Corsi Kohnkow vun der UGDA, Vertrieder vun den anere Veräiner an all aner Museksfrënn begréisst. Hien huet all sengen Aktive Merci gesot, fir déi allgemeng gutt Zesummenaarbecht wärend dem Joer. Eng Gedenkminutte gouf fir déi Verstuerwen ofgehalen, besonnesch fir de Mike Specchio (Komiteesmember), deen si verlooss huet. D‘Sekretärin, Sonja Nimax, huet dunn d‘Aktivitéite vum vergaangene Joer opgezielt. Allgemeng gouf festgestallt, datt déi vill Aktivitéiten, sief et Prouwen, Concerten oder aner Manifestatiounen zum Joer gutt besat waren. Den Highlight war awer de Concert zu Hulsberg an Holland. Och hei nach eng Kéier e grousse Merci un d‘Gemeng Fréiseng, dass dëse Kulturaustausch stattfanne konnt.
Den Tresorier Fränk Weber huet d‘Finanze vum Veräi virgestallt, a konnt e gesonde Bilan mellen. Seng exzellent Aarbecht gouf dunn och vun de Keesserevisore bestätegt. Wärend der Generalversammlung gouf de Kommitee confirméiert, wou ee Member opgehalen huet, an dräi Neier unanime opgeholl goufen. Den aktuelle Kommitee besteet elo aus 14 Memberen.
E weidere Punkt um Ordre du jour war d‘Medaileniwwerreechung vun der UGDA wou d‘Vertriederin an de Buergermeeschter follgend Musikanten auszeechne konnten: Yann Buchholtz, Oliveira Mathis Da Costa, Alexia Ernster, Aurélie Ernster, Romane Kieffer, Charel Krantz, Lina Raus, Yasmine Stormé an Diana Weaver (fënnef Joer), Pais Pedro Ferreira, Ribeiro Diogo Ferreira, Charel Mersch a Pit Reiter (zéng Joer), Tom Raus (20 Joer), Martine Penning-Kohn an Anne-Marie Weber (30 Joer) souwéi de Jean-Claude Buchholtz (40 Joer).
Zum Schluss huet de Buergermeeschter, Roger Beissel, dem Veräin zu der gudder Aarbecht gratuléiert. Den Dirigent, Albert Nimax, konnt och nëmme Guddes zielen an huet seng Musikanten an de Kommitee gelueft. No der Versammlung gouf den Owend mat engem Maufel zesummen ofgeschloss.
Uespelter Musek
via mywort