Generalversammlung
Auszeechnungen a Spendenaktioun bei der Ouljer Musek
Ouljen. Viru Kuerzem hat d‘Ouljer Musek op hier Generalversammlung an de Kulturzentrum vun Ouljen agelueden. A Presenz vu 76 Membere konnt de President Jo Steffes d’Schäffe Sylvette Schmit-Weigel a Marie-Claire Ruppert, d’Conseilleeën Fernande Klares, Jim Meisch, Olafsur Sigurdsson an Hugo Da Costa, d’Vertriederin vun der UGDA, d‘Arlette Wagner-Heitz, an d’Éierepresidente Raymond Lepasch a Paul Meyers begréissen.
Insgesamt zielt d’Ouljer Musek 44 aktiv Memberen, dorënner zwielef Jugendmusikanten. Den
Aktivitéitsrapport fir dëst Joer war gutt gefëllt, mat net manner ewéi zwielef musikaleschen Optrëtter, souwéi der Organisatioun vun aacht lokale Manifestatiounen. D’Tresorière Sandra Weyer-Hall konnt e Bilan mat engem excellente Resultat virleeën.
Follgend Auszeechnungen si vun der UGDA-Vertriederin verdeelt ginn: Maya Olafsdottir (Médaille de mérite en bronze fir zéng Joer) an Isabelle Hall (Médaille de mérite en vermeil avec palmette fir 40 Joer). Gläichzäiteg ass och den Dirigent Marc Garson geéiert ginn, deen elo schonn zéng Joer mat Erfolleg d’Dirigentepult bei der Ouljer Musek besetzt.
Zum Ofschloss vun der Versammlung konnt de President de Scheck mam Erléis vum Chrëschtconcert iwwerreechen. De Betrag vun 2 500 Euro geet un d’Amicale vum Institut Saint-Joseph Betzder. Stellvertriedend fir d’Amicale bedanken seng Membere Fabien a Christiane Brück sech beim Veräin fir dës generéis Ënnerstëtzung, déi et hinnen erméiglecht, vill interessant Projeten ze verwierklechen.
Jean-Paul Kieffer via mywort