Äddi Nico, Äddi kleene Bim!
No deem leschte Marathon ass den Nico Clemens den 18. Januar 2024, am Alter vu bal 77 Joar, vun is gaangen. Sou wéi sein dräi Bréider, dem Maths (+ 1986), dem Jemp (+ 2001) an dem Jang (+ 2015), genannt de grousse Bim, ass mam Nico, dem kleene Bim, e weidert Stéck Maacher net méi do.
Schonn als Bouf huet he geléiert sech bécken, sou wéi säin Bréider. Sein Elteren, de Jemp an d’Lily, hate Wéngerten, déi säi niewent hierer Aarbecht als Blechléier an Hausfra, ënnerhalen hunn. Do huet et och fir déi véier geheescht schaffen, well besonnesch de Papp wollt houfreg op säi Wéngerte sënn. Mee, d’Mamm hat och erkannt, datt d‘Jongen nach aner Talenter haten, an se hunn sech däerfen an de Veräiner engagéieren. De Wéngerten ass den Nico nach laang verbonne bliwwen, andeems hen bäi de „Miniwënzer“, der „Association viticole Le Vignoble“matgeschafft huet.
Den Nico woar wuel och e goude Schüler, soss hätt hen et net op Iechternach an de Lycée gepackt. Mee, scho fréi huet he gespuert, datt dat manuellt him méi gif leie wéi dat intellektuellt. Hen huet dunn decidéiert, bäi d’Eisebunn an d’Léierbud ze goen, an ass Elektriker ginn, wou jo awer och Grips gefrot ass. Am Berouf huet den Nico et wäit bruet. Hen ass Meester a „Chef d’équipe“ginn, an huet mat séine Leit, déi frou mat hierem Chef woaren, dofir gesorregt, dat keen an eem Eisebunnsgebäi de Wanter huet misse kal sëtzen. Niewent der Oarbecht bäi den CFL, huet hen säi ganzt Fachwëssen iwwer d‘Heizungen bäi eem Installateur abruecht.
Bis zum Enn vu säi Liewen woar den Nico e léiwen a verantwortungsvolle Familljepapp a Liewenspartner. Gär ass den Nico gereest a woar mam Monique sécher bal 100 Mol zu Berwang an der Vakanz. Och do wäerten se „den Nico“vermëssen.
Mam Nico konnt een iwwer Gott an d’Welt schweetzen. Vläicht manner iwwer Gott, mee vill iwwer d’Welt.
Den Nico huet, als sozial agestallte Mënsch, keen Ongerechtegkeet verdroen. Dofir huet hen sech an der Lokalpolitik engagéiert. He woar zweemol Kandidat bäi de Gemeenewalen, wou en ëmmer éierbar ofgeschnidden huet. Mee, och an de Gemeenekommissiounen, wéi der Bautekommissioun, oder bäim Roude Kräiz huet en sech fir Maacher agesat.
En Ausgläich zur Oarbecht huet de Nico an de Veräiner fonnt. Ufanks woar hen zäitgläich an dräi Veräiner. Eenes Dags huet et geheescht, fir déi 3 Veräiner untrieden. Fir d’éischt huet hen zu Diddeleng Basket gespillt, ass dunn, och zu Diddeleng op de Kennedy-Stadion gerannt fir een Course ze lafen, an owes hat d’Musik op e Concert gelueden. Och do woar den Nico um Dill. Gewëssenhaft wéi he woar, huet hen agesinn, datt domadder keem Veräin richteg gedéint wier an décidéiert zwee Veräiner Äddi ze soen. Den auserwielte woar den CAEG.
Wat e Gléck fir de Veräin, well den Nico huet den CAEG als Leefer, Trainer, Comitésmember an als Organisator vill no vir bruet. Als Athlet woar hen en hoffnungsvollt Nowuesstalent. Als Cadet woar he Favorit fir de Championstitel am Cross, mee d‘Gléck woar net op seiner Säit. E Konkurrent huet hen mat de Pickschlappen um Fouss geroden, an d’Goldmedail woar fort. Mee, dat huet den Nico net zréck geheit. Hen huet weider u sech geschafft, ass an der Mëttesstonn op d‘Itzeger Stee trainéiere gaangen an huet Intervalle gedrummt. He waor säin eegenen Trainer, well grad wéi haut, woaren déi déi Zäit rar.
Wéi den Nico gefrot ginn ass fir Trainer ze ginn, huet hen och do net Nee gesot a sech voll engagéiert. Vill Traininger huet he gehalen, sief dat am Bësch, um Terrain niewent der Primärschoul, am Pietert, de Wanter an der Kellerei, spéider am Turnsall vum Collège de l’Est, am Centre culturel et sportif oder och am neie Stadion. Vill Athlete së komm a erëm gaangen, den Nico ass bliwwen.
Den Nico ass vill gelaf, och nach als Veteran. Un e sëlleche Marathonen hutt hen deelgeholl, ë.a. zu Berlin, Hamburg, Paris, Amsterdam a Rotterdam, jo, esouguer zweemol op Hawaii. Och do, huet hen sech als Hues an den Déinst fir anerer gesat. Sein Bestzäit woar 3h30’57, an dat am Alter vun 48 Joar.
Als Comitésmember huet hen ëmmer gesot, wat he giff fir richteg halen, huet awer ëmmer d‘Meenung vun der Majoritéit akzeptéiert. Ouni den Nico als Organisator bäi alle Manifestatiounen vum CAEG, de Crosser, dem Ousterlaf, der Route du Vin, dem Duathlon oder de Meetinger, wär op dësem Feld net vill op d’Been komm. Hen huet dofir gesorregt, datt ëmmer alles zur Zäit op der Plaz woar. Z. Bsp. bäi der Route du Vin woar hen zoustänneg fir de Ravitaillement. A munch Nueten huet hen net goud geschlof, well he wollt, datt alles sollt perfekt klappen.
Jee, he woar ëmmer ee vun den éischten déi do woaren, an ee vun de letzten déi gaange sënn. Den Nico woar gär ënnert de Leit. Mat him woar d’Ambiance, och no den Traininger ëmmer bestens, esou an der „Confrérie Athlétique et Gastronomique Grevenmacher“, déi nawell oft a laang „getaagt“huet.
60 Joar woar den Nico dem CAEG trei. „Il fallait le faire“. Elo ass hen, de kleene Bim, net méi derbäi, mee definitiv gaangen. Hien hätt méi e laange Liewensowend verdéint gehat. Den Nico hätt säi Liewe wuel net anescht gelieft, well d’Devise vu säim Grousspapp huet him gefall: “Sou wéi et woar, woar et goud“.
Säin Famill, säin Frënn a Kollegen wäerten den Nico vill vermëssen, well he woar bäi jiddereem beléift. Obschonn kleen vu Statur, ass e grousse Mënsch, e feine Kärel, vun dëser Welt gaangen.
Wann d’Kraaft zu Enn geet, ass den Doud een Erléisung.
R.I.P.
Requiest in pace
Jean-Paul Urwald,
Grevenmacher, Am Numm vun all seine Frënn
vum CAEG