Luxemburger Wort

De Jesus, wéi mir hien net kennen

- Gérard Kieffer, Archevêché de Luxembourg – Service Communicat­ion et Presse

Am Evangelium vun dësem Sonndeg gëtt et e bëssen ongemittle­ch. Mir erliewen e Jesus, deen net douce ass an opmierksam nolauschte­rt, mee een, dee mat rosener Energie den Tempel zu Jerusalem botzt. En ass offensicht­lech zimmlech rosen, stéisst Dëscher ëm an dreift d’Véihändler an d’Geldwiessl­er eraus. Nom Johannes-Evangelium steet dës Episod ganz um Ufank vum Jesus sengem ëffentlech­e Wierken. Dat ass den éischten Androck, deen hien hannerléis­st.

De Jesus muss gutt Grënn hunn, fir esou aus der Haut ze fueren. Hien wëll eppes an Uerdnung bréngen, e wëll den Tempel erëm zu enger Plaz maachen, wou Gott veréiert gëtt a net eng Maartplaz ass. D’Autoritéit­e vum Tempel gesinn dat warscheinl­ech anescht. Schliissle­ch ass den Tempel d’Plaz, wou d’Mënschen hirem Gott Affer duerbrénge­n.

Fir d’Pessach-Fest komme Judde vun no a vu wäit fir hiert Affer ze bréngen, esou wéi déi helleg Schrëften dat virschreiw­en. Et kann een net erwaarden, dass d’Schof, d’Geessen oder d’Dauwen iwwer Deeg a Wochen op enger beschwéier­lecher Rees matgeschle­eft ginn. Dofir ass et gutt, dass dës Affer-Déieren am Haff vum Tempel zum Verkaf ugebuede ginn. Och d’Geldwiessl­er si néideg fir Suen aus frieme Géigenden an d’lokal Wärung ze wiesselen. Dat si ganz einfach wirtschaft­lech Noutwendeg­keeten.

Mee de Jesus denkt net u wirtschaft­lech Noutwendeg­keeten, him geet et ëm d’Räich Gottes an de Wee, fir et ze verwierkle­chen. Ech denke mir, dass d’Affer vun den Déiere mat der Zäit zu engem profane Ritual ginn ass, deen den eigentlech­e Sënn – nämlech säi Liewen ze iwwerdenke­n, ze bereien a nei no de Gebueter vum Härgott auszeriich­ten – verluer huet. „Wann eng Geess geopfert gëtt, sinn déng Sënne verginn.” (!)

De Jesus erwaart méi. Et geet him ëm Bezéiung – Bezéiung vum Mënsch zu Gott a Bezéiung vum Mënsch zum Nächsten. Relioun riskéiert sënn- an häerzlos ze ginn, wann d’Ritual am Mëttelpunk­t steet an d’Gebuet vun der Gottes- a Nächsteléi­ft an den Hannergron­d geréit.

D’Evangelium vun dësem Sonndeg betount, dass Christus an d’Welt komm ass, fir se op de Kapp ze stellen an se rëm op d’Schinn ze setzen. Hien ass komm, fir eis heiansdo gestéiert Bezéiung zu Gott an zu eisem Nächsten an zu eis selwer an Uerdnung ze bréngen. An dat ass eng gutt Noriicht. Et gi vill ze vill Saachen, déi eben net an Uerdnung sinn.

Christus ass komm, fir eis ze hëllefen eis ze änneren a fir eis op nei Weeër ze féieren. An dëser Faaschtenz­äit si mir invitéiert, eis Ritualer, eis festgetrëp­pelt Weeër ze iwwerdenke­n. E Bléck op d’Passioun vu Christus hëlleft eis, eis drun ze erënneren, ëm wat et an eisem Liewe geet: ëm d’Bezéiung zu Gott an zu eisem Nächsten. Ëm Léift a Verzeien an Deelen a Gerechtegk­eet fir jiddereen. Villäicht menge mir hei bei eis, dass et jo awer net esou schlecht ëm eis an d’Welt steet – mir mussen awer och zouginn, dass villes besser kéint lafen.

Also: e gudden Ufank um Wee op Ouschtere wär warscheinl­ech mol ze kucken, wat ze vill ass a mengem Liewen, wat eigentlech scho längst hätt misse geraumt ginn a wat mäi Liewen an dat vun deenen aneren e Stéck besser kéint maachen – esou am Sënn vun Uerdnung maachen, wéi de Jesus et am Tempel gemaach huet.

 ?? Foto: The Kremer Collection ?? Matthias Stom, „Christus vertreibt die Geldwechsl­er aus dem Tempel“(1629 bis 1632).
Foto: The Kremer Collection Matthias Stom, „Christus vertreibt die Geldwechsl­er aus dem Tempel“(1629 bis 1632).
 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg