Luxemburger Wort

730 Deeg Krich an der Ukrain

Wéi eng Méiglechke­eten hunn Europa an och Lëtzebuerg fir anzegräife­n?

-

Lo sinn et schonns 2 Joer, dass Russland d’Ukrain iwwerfall huet an dem Vollek vill Leed a Misère bruecht huet. A ganz Europa hat kee geduecht, dass mir nach géifen e Krich erliewen an dat am 21. Jorhonnert.

Déi lescht zwee Weltkriche­r haten d’Welt op d’Kopp gedréit. Russland ass awer no deene ville Sanktioune­n, déi schonns sinn an nach kommen, net gebrach. D’EU huet vill Milliounen Euro an Dollar an d’Ukrain geschéckt an et gëtt keen Enn. Den Här Putin wëll säi „Warschauer Pakt“zréck. Him ass scho laang en Dar am A, dass déi Länner, déi fréier do dra waren, elo an d’EU an an d’Nato era wëlle kommen. Si wëllen net méi vu Russland kommandéie­rt ginn, elo ware si fräi Länner. Mä Russland huet vill Frënn, déi si militäresc­h ënnerstëtz­en.

Wann elo am November deen neien USPresiden­t gewielt gëtt, hu mir näischt méi ze laachen. Wann ech den Här Trump richteg verstanen hunn, sollen déi Länner, déi net genuch an d’Nato abezuelen, net méi bei engem Konflikt op eng Hëllef hoffen. Dorënner fale mir da jo och. Den Här Goerens huet am leschte Kloertext gesot, dass mir Europäer ons selwer misste verteidege kënnen, ouni Hëllef vun den USA. Lëtzebuerg huet net vill fir dat ze maachen. Dronen, Transportf­liger, déi ons mol net ganz gehéieren, Awacs-Fliger, déi ënner onser Flagg ënnerwee sinn. Mir mussen elo reagéieren an net waarde bis et November ass. Den Här Goerens hat net onrecht, wéi hie gefrot huet, wat mer onse Kanner a Urenkele da solle soen, wa si ons d’Fro stellen, virwat mir 2024 näischt gemaach hunn.

Marie-Anne Cannels,

Lëtzebuerg

 ?? Foto: dpa ??
Foto: dpa

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg