Léif Madame Gesondheetsministesch
Den Auteur wënscht sech en Opschaffe vun der Corona-Kris
Ech hu mech viru méi wéi dräi Joer géint déi sougenannten Covid-19-Impfung entscheet. Eng Injektioun vum genetesche Bauplang fir eng, ënner anerem, neuro- an zytotoxesch Eewäissmoleküll, ouni ze wësse wou, wéi laang an a wéi engem Ausmooss dës Protein vun de mënschlechen Zelle synthetiséiert gëtt, huet fir mech no engem schlechte Plang geklong. Och d’Entdeckung vun der reverser Transkriptase am Joer 1970 (d‘Maschinerie fir RNA an DNA ëmzeschreiwen) déi fënnef Joer mei spéit mam Nobelpräis fir Physiologie a Medezin ausgezeechent gouf, huet meng Skepsis just gréisser gemaach. Ee Bléck op de mënschleche Genom bestätegt iwwerdeems, méi wéi 50 % vun eiser DNA ass am Laf vun der Evolutioun iwwert d‘Transkriptioun vun RNA an DNA opgebaut ginn. Ass eist Verständnis vun alle biochemesche Prozesser wierklech sou komplett, datt mir ausschléisse kënnen, datt net dach RNA-Fragmenter aus der Impfung hire Wee an eise Genom fannen? Nieft de wëssenschaftlechen Argumenter, vun deenen ech nach eng Handvoll opziele kéint, sou huet mech ausserdeem d‘Aart a Weis mat där vun uewe rof kommunizéiert gouf, extrem irritéiert. Elo, dräi Joer méi spéit, sinn ech méi wéi frou, datt ech mech net vun der medialer a politescher Panik ustieche gelooss hunn; eppes wat mech awer deemols indirekt mäin Job an enger leedender Funktioun am Pharmaberäich kascht huet.
Mat enger neier Ministesch kënnt fir mech awer nei Hoffnung. Hoffnung, datt d‘Corona-Kris endlech opgeschafft gëtt. Dat wier zum Beispill am Kader vum Debat public zu der Petitioun N°2489 (Mise en place d‘une commission d‘enquête pluridisciplinaire indépendante censée conclure sur la réalité sanitaire, statistique, scientifique et politique pour la période Covid-19 au Luxembourg) méiglech. Ausserdeem gëtt dat mir Hoffnung, an Zukunft ee méi wëssenschaftleche Wee ze goen, an deem ee kontroversen Debat op Ahéicht déi Pseudo-Diskussiounen, bei deenen den Ausgang vu vir ra kloer ass, ersetzt. Virun allem erhoffen ech mir awer, datt mir ee méi mënschleche Wee, bei deem de Bierger am Mëttelpunkt steet, kënne goen.