No 73 Joer Veräinsliewen ass Schluss
D‘Fraen a Mammen Miersch halen op
Miersch. „De Bilan vun deenen zwee lëschte Jore beweist, dat mir ausser eisem traditionellen Dräikinneksiessen an engem Ausfluch zesumme mam lokale Gaart an Heem näischt méi op d’Bee kritt hunn! Firwat? Mir aus dem Comité sinn elo al an de gréissten Deel vun eisen 88 Membere sinn nach méi al. Bal d’Hallschent vun deenen, bezuelen nach just hir Memberskaart an huelen u soss näischt méi deel. Wann e Veräi keng Aktivitéite méi ka maache, fir Recetten eran ze kréien, gëtt et Zäit fir opzehalen.“Dat waren d’Wieder vun der Presidentin Marguy Lanners-Dondelinger am Ufank vun hirer leschter Generalversammlung vun der ACFLSektioun Miersch. Duerno ass d’Presidentin an engem kuerze Réckbléck op d’Geschicht vum Mierscher Fraen a Mammen-Veräin agaang. Nodeem am Joer 1946 d’ACFL gegrënnt ginn ass, hunn sech 1951 zu Miersch e puer couragéiert Fraen zesummegedoe fir aner Fraen hannert dem Kachdëppen eraus ze huelen an sech ze engagéieren. Et gouf eng Bitzekipp gegrënnt a fläisseg geschafft. No kuerzer Zäit konnt e Bazar ofgehale ginn, fir
Geld an d’Keess ze kréien. Si waren op eemol zu 220 Memberen, déi allermeescht am beschten Alter an hu vill an och haart geschafft. Am Joer 2001 ass de 50. Anniversaire mat Mass a Festiessen am Blannenheem gefeiert ginn. Bis 2010 gouf mat vill Asaz, Aarbecht an Zesummeschaffen Bazaren organiséiert. Duerno hunn si nach um Chrëschtmaart matgemaach. Den Erléis vun all den Aktivitéite war ëmmer fir e gudden Zweck. Sou konnten d‘Fraen a Mammen Miersch an all deenen 73 Joer di stolz Zomm vun ëmmerhin 124 112 Euro fir sozial Wierker hei am Land an och an der drëtter Welt spenden.
Zanter 1981 ënnerstëtzen si dräi Patekanner an Indien. Si si frou dat d‘Aktiv Frae Miersch déi Aktioun weiderféieren. Der Presidentin hire grousse Merci gelt alle Membere vum Veräin, der Gemeng an alle Frënn, Donateure fir hir materiell- a finanziell Ënnerstëtzung an all deene Joren. Ausser deene lukrativen Aktivitéite goufen awer och Visitten a Museeën, Ausstellungen a Betriber, Theaterbesich, Konferenze Kach- a Baakcoursen an Ausflich am In- an Ausland organiséiert. Um reliéise Plang war de Veräin och aktiv mat enger järlecher Oktavmass an e puer Adventsfeieren. Zum Schluss huet d’Marguy Dondelinger awer nach drop gehalen, fir de Comitésmemberen, déi zënter 2011 ënnert hirer Presidentschaft matgeschafft hunn, e grousse Merci ze soen.
No dem ausféierlechen Aktivitéits- a Keessebericht vum Irène Ewertz, deen och vun de Keesserevisoren Lydie Sauer an Nicole Bolmer als exakt bestätegt gouf, sinn den Deche Félix Steichen wéi och de Scheffen Abby Toussaint op dat onermiddlecht Engagement vun de Fraen a Mammen Miersch an all deene Joren agaangen an hunn hinne Luef an Unerkennung fir di geleeschten Aarbecht am Numm vun der Kierch an der Gemeng Miersch ausgesprach.
An der uschléissender ausseruerdentlecher Generalversammlung war Eenegkeet, de Veräi Fraen a Mammen Miersch no 73 Joer definitiv opzeléisen. Wann d’Fraen a Mammen ophalen, geet et ënnert enger anerer Form duerch d‘Aktiv Frae Miersch weider. Hinnen e grousse Merci fir dat gutt Zesummeschaffen a vill Erfolleg an Zukunft gewënscht. D‘Generalsekretariat vun der ACFL huet sech och bereet erkläert, d’Gestioun vun de Memberskaarten a Verschécke vun der Zeitung weiderhin ze iwwerhuelen. Zum Schluss vun der Generalversammlung koum et dunn zur Scheckiwwerreechung vun 1 800 Euro, deen de Rescht vun der Veräinskeess duerstellt a wou den Deche Félix Steichen mam President vun der Kierchefabrick Miersch, Willy Kass, fir dëse léiwe Geste villmools Merci gesot hunn. Nom Liese vun engem klenge Gedicht huet des Generalversammlung hire würdegen Ofschloss fonnt.
Charles Reiser via mywort