„Also langweileg war et awer wierklech net!“
Iwwer d’Realisatioun vun der Ausstellung „D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“an éischt Reaktiounen
Virun e puer Deeg huet d’Lëtzebuerger Sprooch e Gebuertsdag gefeiert. D’Gesetz vum 24. Februar 1984 iwwer d’Sproochen zu Lëtzebuerg huet der Lëtzebuerger Sprooch viru 40 Joer nämlech en offizielle Statut ginn. De Grand-Duché ass zanterhier ganz offiziell dräisproocheg, nieft Däitsch a Franséisch ass Lëtzebuergesch als Nationalsprooch unerkannt ginn. An et huet sech esou munches gedoen an de leschte Joren a Joerzéngten. D’Lëtzebuergescht huet sech dank dem Internet an den neien Technologien als Schrëftsprooch immens weiderentwéckelt an d’Sproochecoursë boomen. Eis Nationalsprooch huet et 2023 esouguer an d’Constitutioun gepackt, se krut virun e puer Joer vun der blo-rout-grénger Regierung als éischt eng Strategie fir hir Promotioun a méi spéit en Aktiounsplang. 2018 si mam Commissaire fir d’Lëtzebuerger Sprooch an dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) zwee nei Acteuren um Terrain bäikomm, déi sech fir d’Sprooch engagéieren. D’Lëtzebuerger Sprooch huet sech zanter 1984 nawell verännert an och weiderentwéckelt. Fir déi spannend a lieweg Geschicht ronderëm d’Sprooch an d’Sproochen zu Lëtzebuerg ze verzielen, ass zanter leschtem Summer eng mobil Ausstellung ënnerwee duerch d’Land.
2017 huet déi deemoleg Regierung sech Gedanken iwwer eng laangfristeg Sproochen- a Kulturpolitik gemaach a 40 Punkte fir d’Promotioun vum Lëtzebuergesche presentéiert.
Eng méi konkreet Iddi am Mesurëpak ass d’Ausschaffe vun enger Ausstellung iwwer d’Sproochesituatioun am Grand-Duché. D’Theema Sprooch beschäftegt eis zu Lëtzebuerg nämlech reegelméisseg, dat weisen ë. a. eng sëllege Petitiounen an Debaten déi lescht Joren. D’Sproochesituatioun hei am Land ass net nëmme komplex, mee iergendwéi och aussergewéinlech. A mat där Situatioun lount et sech nawell, sech auserneenzesetzen.
Eng Ausstellung fir jiddwereen
Fir net just emotional iwwer de Sujet ze diskutéieren, mee fir konkreet mat Fakten ze schaffen, déi Entwécklungen a Changementer duerleeën, bitt et sech un, eng Ausstellung ze konzipéieren, déi op Froen äntwert an Denkustéiss gëtt. Den ZLS huet de Lead bei der Realisatioun vun dëser Expo iwwerholl. Well am ZLS zwar vill Leit schaffen, déi sech ë. a. mat Linguistik auskennen, mee den Knowhow an d’Erfarung fir d’Konzeptioun vun enger Ausstellung feelt, gouf mat externe Partner zesummegeschafft – an éischter Linn mat Historical Consulting. Fir de Contenu auszeschaffen, hu Fachleit aus dem Beräich Luxemburgistik vun der Uni Lëtzebuerg matgehollef. Et hunn e sëllegen Acteure matgeschafft, ouni déi d’Realisatioun vun dëser Expo net méiglech gewiescht wier.
D’Ausstellung sollt esou konzipéiert sinn, dass se fir e méiglechst breede Public interessant ass. Grad dat ass natierlech eng Erausfuerderung, wann ee bedenkt, wéi grouss d’Diversitéit an der Lëtzebuerger Populatioun ass. Mat enger Expo, déi just Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinne respektiv Leit, déi Lëtzebuergesch kënnen oder sech gutt mat der Sproochesituatioun auskennen, uschwätzt, géif ee sech sécherlech kee Gefalen doen. Mat Bléck op eng permanent Ausstellung, déi an den nächste Jore kéint realiséiert ginn, gouf decidéiert, mol mat enger mobiller unzefänken, déi den Tour duerch d’Land mécht a sech esou bei déi interesséiert Gemengen a Schoule kann deplacéieren.
D’Grande-Duchesse an de Superjhemp
Wann een doriwwer nodenkt, wat een an enger Ausstellung kéint a sollt weisen, kommen engem sécher direkt e ganze Koup interessant Fakten, Theemen an Ausstellungsstécker an de Kapp. Fir déi eng ass dat villäicht d’Sproochegesetz vun 1984, fir déi aner eng Ried vun der Grande-Duchesse op der BBC a fir nach anerer ass et de Superjhemp, deen onbedéngt muss gewise ginn. Et muss een dann natierlech all déi Iddien a Gedanke sammelen a kucken, wat méiglech ass a wat Sënn mécht. Wichteg ass et, e kloert Konzept mat engem Roude Fuedem ze hunn.
D’Objektiv vun der Ausstellung ass et, de Visiteuren a Visiteusen ze weisen, wou d’Lëtze
buerger Sprooch hierkënnt, wat se auszeechent a wat hir verschidde Facettë sinn. Et soll souwuel e Bléck an d’Vergaangenheet geheit wéi och an d’Zukunft gekuckt ginn. Eng Ausstellung iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch kann ee selbstverständlech net realiséieren, ouni d’Theema Méisproochegkeet mat de Chancë mee och den Erausfuerderungen, déi dat Ganzt mat sech bréngt, unzeschwätzen an d’Lëtzebuergescht als een Deel dovun ze weisen an ze kontextualiséieren.