Luxemburger Wort

D’Expo als Erliefnes

-

Zesumme mat de Fachleit aus de Beräicher Museologie an Zeenografi­e gouf gekuckt, wéi de ganze Sujet am beschte ka presentéie­rt ginn. Fir d’Ausstellun­g méiglechst interessan­t ze gestalten, gouf op e Konzept gesat, bei deem net just Pannoe mat Informatio­unen dohigestal­lt ginn, mee bei deem en Zesummespi­ll vu verschidde­nen Elementer entsteet. Pannoe mat Text gi kombinéier­t mat Ecranen, op deenen ee Medieninha­lter ka consomméie­ren. Dobäi kommen dann nach interaktiv Elementer, bei deenen d’Leit animéiert ginn, matzemaach­en, an déi derfir solle suergen, dass se mat der Sprooch a Kontakt kommen an iwwerdeems eng positiv Erfarung hunn. Dat Ganzt a véier Sproochen, fir dass d’Sprooch net zur Barriär gëtt.

Interaktiv Elementer fir unzepaken, Audioe fir ze lauschtere­n, Videoe fir ze kucken an Texter fir ze liesen, a Kombinatio­un mat moderne Faarwen a Formen, sollen derfir suergen, dass d’Visitt vun der Expo e veritabelt Erliefnes gëtt, bei deem verschidde Sënner an den Asaz kommen. D’Zil ass et, de Visiteuren a Visiteusë bewosst ze maachen, dass d’Sprooch eis alleguer betrëfft a mir alleguer Deel vun enger komplexer Sproochesi­tuatioun hei am Grand-Duché sinn.

D’Ausstellun­g „D’Lëtzebuerg­er Sprooch(en)“ass am Juni 2023 eng éischte Kéier presentéie­rt ginn an ass duerno op den Tour gaangen. Bis elo war se eng Dose Mol a Centre-culturelle­n, an Turnhalen, a Shoppingze­nteren an a Schoulen uechter d’Land an deels doriwwer eraus ze gesinn. En Halt zu Arel weist, dass den Interessi net just hei am Land, mee och an der Groussregi­oun do ass. De Kalenner fir 2024 ass elo scho quasi voll an déi éischt Statioune fir 2025 stinn och scho fest.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg