Luxemburger Wort

Den Harry Potter kann och Lëtzebuerg­esch

-

D’Lycéeë sinn eng wichteg Zilgrupp vun der Expo. D’Ausstellun­g ass esou konzipéier­t, dass Quatrièmë sech ouni Problem mat der Thematik kënnen auserneese­tzen. De Lëtzebuerg­eschcours op der Quatrième bitt sech natierlech fir eng Visitt vun der Expo un. Vill Klassen hu sech virun der Visitt och scho mat enger Partie vun de Sujeten beschäfteg­t. Déi Jonk kënnen da méi aktiv un de Visite-guidéeën deelhuelen, well se verschidde­n Theemen an Ausstellun­gsstécker scho kennen. D’Schüler an d’Schülerinn­e kënnen och meeschtens ganz gutt op Froen äntweren. Et kënnt zwar alt emol vir, dass dann dat éischt Schrëftsté­ck op Lëtzebuerg­esch am Joer 1829 fälschlech­erweis vum Bob Meyer an net vum Antoine Meyer publizéier­t gouf an den Deputéiert­en C. M. Spoo viru Geriicht eng Ried op Lëtzebuerg­esch gehal huet an net an der Chamber, mee vum Fale léiert ee jo goen.

Et koum och scho vir, dass Schüler a Schülerinn­e paff waren, wéi se d’Bicher iwwer den Harry Potter an déi vum Albert Camus op Lëtzebuerg­esch gesinn hunn. Wat et haut awer alles gëtt! Beim Dialektqui­z war et dann och alt emol un de Mataarbech­ter a de Mataarbech­terinnen aus dem ZLS, déi d’Visitten assuréiert hunn, fir paff ze sinn, wann déi Jonk op Anhib zwee oder esouguer dräi Dialekter der richteger Uertschaft op der Kaart konnten zouuerdnen. Et soll nach ee soen, déi Jonk géife sech net fir d’Theema Sprooch(en) interesséi­eren!

Interessan­t ass et och, dass beim Theema Méisprooch­egkeet eigentlech an all Klass op d’mannst eng Persoun festgestal­lt huet, dass et net esou evident ass, eng Äntwert ze ginn, wann een no senger Haaptsproo­ch gefrot gëtt. Et kéint een dach awer och méi wéi eng Haaptsproo­ch hunn, a wat dann iwwerhaapt d’Definitiou­n vun „Haaptsproo­ch“wier, waren hei ëmmer erëm pertinent Bemierkung­en.

D’Expo ass bis elo bei dem méi jonke Public gutt ukomm. Natierlech interesséi­ert d’Ausstellun­g net jiddwereen d’selwecht vill, mee de Feedback war duerchaus positiv. Eng Schülerin am Forum Geesseknäp­pchen huet d’Visitt vun der Expo besonnesch gutt fonnt: „Also langweileg war et awer wierklech net!“. Méi e grousst Luef kann ee jo awer kaum erwaarden.

* Den Alex Gillander ass Mataarbech­ter beim Zenter fir d’Lëtzebuerg­er Sprooch a këmmert sech ë. a. ëm d’Koordinati­oun vun der Expo „D’Lëtzebuerg­er Sprooch(en)“. D’Expo „D’Lëtzebuerg­er Sprooch(en)“ass vum 15. bis de 24. Mäerz an der Nordstroos­s Shopping Mile zu Maarnech.

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg