En Ausfluch an den héijen Norden
Nieft de Schoulklassen ass d’Expo natierlech fir de Grand public geduecht. Et ass nawell wichteg, eng gutt Mëschung ze hunn a mat der Ausstellung esouwuel an all d’Regioune vum Land ze goen ewéi och ofwiesselnd a Schoulen an a Gemenge present ze sinn. Wien elo awer mengt, dass d’Ausstellung just fir Leit aus der Regioun interessant wier, deen iert sech. Déi zweet Statioun zu Ëlwen huet den éischte Weekend direkt eng ganz Partie Leit vu Stengefort, aus der Stad a vun Esch-Uelzecht ugelackelt, déi sech d’Expo am Detail ugekuckt a e ganze Koup Froe gestallt hunn.
A ville Gemenge gouf och op d’mannst een Event ronderëm d’Sprooch ugebueden, dat da logescherweis méi Leit ugezunn huet. En Trompettist am Minett, eng Rapperin an e Beatboxer an der Stad oder och nach de Sproochmates op der Musel, jee, et dierft fir all Goût eppes derbäi gewiescht sinn. Visite-guidéeë sinn och ëmmer gutt ukomm, virun allem dann, wann am Viraus annoncéiert gouf, dass verschiddener och op Englesch wieren. Deelgeholl hu Leit aus ville verschiddene Länner, déi immens frou waren, en Abléck an d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Sprooch ze kréien an doduerch d’Komplexitéit vun der Sproochsituatioun am Grand-Duché besser ze verstoen. Eng polnesch Visiteuse war ganz dankbar fir d’Visitt duerch d’Ausstellung an huet d’Geleeënheet genotzt, fir der Ekipp vum ZLS hir Lëtzebuergeschkenntnisser ze presentéieren.
Et sinn natierlech och ganz vill Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen d’Expo kucke komm. Vill vun hinnen hu vun der Geleeënheet profitéiert, hir eege Mammesprooch nach besser kennen ze léieren, awer och de Kontakt mam ZLS ze sichen, Doleancen ze äusseren oder ganz einfach iwwer hir eegen Erfarungen am Alldag ze schwätzen. E Grupp Senioren aus der Stad, dee sech extra fir eng Visitt op Déifferdeng deplacéiert hat, war ganz frou, d’Dynamik ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch ze gesinn, an huet et wierklech appreciéiert, dass den Zweete Weltkrich a ganz besonnesch d’Grande-Duchesse eng wichteg Plaz an der Ausstellung hunn.
De Volet iwwer d’Resistenz an d’Sprooch gouf och munchmol méi kritesch gesinn. Et gouf d’Fro gestallt, ob een dëse wichtegen Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht net hätt kënnen anescht illustréieren an ob d’Bild vum Gauleiter Simon Deel vun der Ausstellung misst sinn. Och Reaktioune wéi „Ech kann dach Lëtzebuergesch!“, déi eng gewësse Skepsis vis-à-vis vun der Expo ausdrécken, sinn alt emol virkomm. Kritik un der Ausstellung ass selbstverständlech erwënscht, awer am beschten eréischt, nodeems ee sech se ugekuckt huet.
Wann Dir Iech och wëllt e Bild vun der Expo maachen an Iech z. B. am Dialektquiz versichen oder d’Ried vun der Grande-Duchesse op der BBC lauschteren, da kommt Iech d’Ausstellung gären ukucken. Detailer zu de Statioune fannt Der an eiser Newsrubrik op zls.lu, op eise Social-Media-Kanäl an an de Medien.