Här Dechen René Feltes
„Léiwen Här Dechen. 1990 hutt Dir meng Primizfeier organiséiert an 2011 mäin Empfang als Äerzbëschof vu Lëtzebuerg. An haut stinn ech hei an der Kapell vu Beyren, fir Är Begriefnismass ze zelebréieren.“
En Primizfeier organisieren an älef Jor dorno den Emfank vuan därselwichter Persunn als nei ernannten Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, nämlich dem Jean-Claude Hollerich, ass sécherlich ämolig am Äerzbistum. Den Dechen René Feltes hat dëse Privileg. Tëscht dësen zwinn Datumen, déi de Kardinol de 17.2.2024 om Begriefnis vuam Dechen René Feltes zitiert hott, mä och an der Zéit virdruan an an der Zéit dorno, léit e beweegt Liäwe vuan Hëllefsberätschaft, Nächsteléift, Engagement.
Opgrond vua seinem brätgefächterte Wëssen am Beréich vuan der Kultur, war de René Feltes, als neien Dechen vuam Porverband Veinen/Fouhren/Stolzebuerg, wu di sakral Konstwäerker dominieren, 1986 dä richtigen Nofolger vuan den Trinitarierpateren. 1988 konnt hä mat den Trinitarier vua Cerfroid d’750- Jorfeier vuan der Klustergrënnung zelebrieren. Kuerz drop war hä konfrontiert mat der Renovatiunn vuan der Trinitarierkierch, en Renovatiunn, déi sech iwer 3 laang Joren higezuegen hott. Diskret, mä wierksam hott den Dechen d’Ousgruawungen an di archäologisch Découverte beglät. Duerch munch schmuale Schloff ass e gekroch fir d’Vestige minitiéis am Bild festzehalen.
Stoork impliziert war den Dechen Feltes och béi der Restauratiunn vuan der historischer Uergel, déi ënnert d’Kompetenz vuan der Kierchefabrik gefall ass. Seiner Beléifthät, mä och seiner spendabler Oder war et ze verdanken datt, ousser de Veiner Privat- a Geschäftsleit, sämtlich Veiner Veréiner, vuan der Asbl Veiner Fuasicht iwer d’Geschichtsfrënn, de Mi-Cuit, d’Pompjer, de Fussball, d’Musik, d’Sporveréiner, d’Gewerkschafte bis zu de kierchennoë Klibb wi de Gesank, d’Sodalen, d’Fraen a Mammen... ronn 6 Milliunne Frang gespent gufen fir der Uergel hiert aalt mëttelalterlicht Klangspill rëmzegän. Dem René Feltes war et dorno ze verdanken, datt d’Trinitarierkierch fir hikarätig Uergelconcerten a Kierchemusik, déi zum alldeegliche Brouch vuan den Trinitarier gehiert hott, zur Dispositiunn stung.
Och d’Uaschafe vuam Klokespill am Hockelstuerm hott den
Dechen beglät an di 24 Kleekelcher 2002 an äner feierlicher Humass agewihen.
Béi de portugisische Matbierger hat den Dechen direkt en oppent Uer fir, zesomen mam Fierschter an der Gemän, e Fatima Denkmal am gemänenägene Bildchensbësch opzeriichten a reegelméissig d’Bildchensprëssessiunne mat de Fatima-Prëssessiunnen ze verbannen.
Fir d’Kierchefabrik net ze belaasten, hott de René Feltes sämtlich Porbréiwer, Prospekter, Urkunden selwer redigiert an ousgedréckt a munch technische Problem in manu propria geliist.
Hän hott net gezéckt fir di än udder aner Reechnung ze iwerhollen, unofhängig vuam Montant. Junk japanisch Studenten, déi de Pater Jean-Claude Hollerich reegelméissig op Veinen beglät hott, ho béim Dechen René Feltes e generéisen Donateur font. Su och 2005, wi 227 japanisch Pilger om Wee op WJD zu Köln, zu Veinen en Zwëschenetapp ageloocht honn.
Als grussen Unhänger vuan der Muttergottes vuam Bildchen, hott den Dechen Feltes net nëmmen der Triisterin hir Kläder an Ornamenter, op déi sein Schwëster Agnès en extra schoorfe Bléck geworf hott, fachgerecht opbewaacht an dokumentiert, mä och d’Bloumendekoratiunnen, d’Prëssessiunnen an di wëchentlich Massen om Bildchen, am Toun a Bild fir d’Nowëlt festgehalen.
Siäf et als Aumônier vuan de Jungsodalen, als Ënnerstëtzer vuam Musiksensemble Manipura Filid, als Präses vuam Kierchegesank udder als Aumônier vuan de Fraen a Mammen, den Dechen René Feltes war iwerall e beléifte Gesprichspartner, dän di mäst Generalversammlunge mat Video-a Fotoprojektiunne beläft hott.
Su war et net verwonnerlich, datt d’Awuaner, d’Veréiner an d’Verbeen ous de Pore Veinen, Fouhren a Stolzebuerg hiren Dechen 2006 mat em flotten Ëmfang iwerrascht honn fir séi 50. Priisterjubiläum.
Och am hijen Alter hott de René Feltes mam Multimedia Zéitalter Schrëtt gehalen. Séin Zëmmer am Mierscher Altersheim war e risige Büro mat Computeren, Laptoppen, Imprimanten, Zeitungen, Béicher. Hei hott de pensionnierten Dechen sech om Courant gehalen, wat a seine fréierere Pore gelaf ass. Hei hott hä weider ua Broschüren iwer d’Kierche vuam Porverband geschafft. Dobéi war séin Intressi uan der kierlicher-a politischer Evolutiunn vua Veinen bis zur leetzter Stonn ungebrooch.
Léiwen Här Dechen, et ass schwier an e por Zeilen Är Schaffenskraaft, Är Veriierung fir d’Muttergottes vuam Bildchen, Ären Accueil vua Jugendlichen an Är finanziell Ënnerstëtzung vua Mannerbemëttelten, Är Relatiunn zu de lokale Veréiner, Är Gedold an Är Gouthät, Är Teamfähigkät, Är Experienzen am technische Beréich, Är Léift fir d’Kultur an d’Geschicht, Ären Drang fir Neies ouszeprobieren, bref Är Léift zur Kierch ze resumieren.
Wäehrend Äre 27 Jor als Dechen vuam Veiner Porverband hott Dir ganz Familje gepräegt, vuam Kanddaf iwer d’Kommuniunn, d’Firmung, Bestietnis bis zum Begriefnis vua Grussëlteren an Ëlteren.
Wi ech fir d’leetzt béi Eech zu Miersch op Besuch war, du hott Dir humorvoll op en Konstruktiunn béi Ärem Beet gewisen a gesot. „Dat do ass lo mäi Kran. Deen hëlleft mer aus dem Bett, wann näischt méi geet.“
D’Wierder ‘In manus tuas, commendo spiritum meum’ war Äert Gebät uan dat Dir gegläft hott.
Dir sëdd lo e Stéck mi wéit wi mir an Dir wësst, wat mir nooch net keenen an net wëssen.
Ech schléissen dësen Hommage of mat em Gebät ous Ärer allerleetzter Broschür, déi Dir viruan ëm goude Jor redigiert an drécke geloss hott iwer „Die geheimnisvolle Welt der Symbole in der Trinitarierkirche von Vianden“:
„Die Weisheit baute sich ein Haus, darin spricht Gott sich selber aus, und dieses Wort hat uns getroffen.
Nun ist die Welt nicht mehr so leer, nicht mehr die Last so drückend schwer, der Weg zum Vater steht uns offen.“