Méi wéi véier Minutten Zäit spueren
Eng Trams-Streck vum CHL op de Kierchbierg ass noutwendeg, argumentéiert den Auteur
Den Här Roger Folmer huet an engem Bréif un der Redaktioun iwwert déi geplangt Tramstrooss an der Neipuertsgaass geschriwwen, dat awer mat engem klore Mangel un Informatioun iwwer déi zukünfteg Exploitatioun vum Tramsnetz, wéi se am „Plan national de mobilité 2035“virgesinn ass. Ebe well et net nëmmen drëm geet, “enger Partie Leit véier Minutten um Wee fir op d’Aarbecht oder den Akaf ze spueren”, wollt ech dem Här äntweren, fir den Zweck vum Projet ze erklären an seng Wichtegkeet ze ënnersträichen.
Den Tramsreseau soll bis 2035 vun eng op véier Linne wuessen, dat haaptsächlech fir déi dicht urbanistesch Entwécklungen an der Stad an zu Esch/Uelzecht ze begleeden. Ufank Februar goufen déi nächst Erweiderunge vum Netz an der Chamber guttgeheescht, eng op Hollerech an déi aner op de Laangfur um Kierchbierg.
Den nächste Gesetzesprojet sollt am Fong dee fir op de CHL sinn, an dozou gehéiert déi nei Streck an der Neipuertsgaass. Dat aus zwee gudde Grënn: Als éischt kann den Tram, dee vum Glacis kënnt, op der Stäreplaz net no riets op der Areler Strooss ofbéien. Wann den Tram vum CHL Richtung Kierchbierg fuere soll, dann ass eng Trasse duerch d’Neipuertsgaass déi eenzeg sënnvoll Léisung. Den Tram muss, zweetens, vum CHL op de Kierchbierg fueren, well dat e Kärelement vun der Stater Mobilitéit ass. D’Leit, déi aus dem Westen an d’Stad erakommen, brauchen eng direkt Verbindung mam Kierchbierg, well se soss ze vill ëmsteige mussen, fir de Kierchbierg ze erreechen an den ëffentlechen Transport fir si onattraktiv gëtt.
Dozou kënnt nach, dass eng eenzeg Streck tëscht dem Hamilius an dem Theater net genuch wier fir véier Linne gläichzäiteg ze bedreiwen, also ass eng zweet Streck op jiddwer Fall noutwendeg. Domat entsteet de Virdeel, dass de gesamten Tramsreseau u Flexibilitéit gewënnt, a jo, och dass de Kierchbierg méi schnell un der Uewerstad ugebonne gëtt. Ech hoffen awer dass elo kloer ass, dass et bei dësem Projet ëm méi geet, wéi just véier Minutte spueren.
Zu ären Aussoen iwwert de Park selwer kann ech nëmme follgend soen: ech mengen net, dass eng “grouss Fläch”, wéi dir et sot, vum Park ewechfale wäert. Wann dir iech d’Breet vun der Strooss op der Héicht vun der Bushaltestell Pescatore ukuckt, da mierkt Dir, dass do bal genuch Plaz fir zwee Autos- oder Busspueren, zwee Tramsgleiser, zwee Tramsquaien an Trottoiren ass. Wann e Stéck Park ewechfale wäert, da wäert et sécher net eng “grouss Fläch” sinn, mee fir esou wichteg Projete muss een eben déi verschidden Interessen ausgläichen.
Ech sinn op alle Fall gespaant ze gesinn, wat d’Stad Lëtzebuerg aus dësem Projet maache wäert. D’DP huet sech jo géint de Projet gestallt, mee ech fannen et ganz schwéier, mir dat zukünftegt Tramsnetz ouni dës Streck virzestellen. Hoffentlech wäert d’Ministesch Backes pragmatesch virugoen an d’Stater DP zum Projet iwwerzeegen.