Réckbléck beim CTF
Präisiwwerreechung Concours Villes et Villages fleuris
Réiden/Atert. Bei vollem Haus am Centre polyvalent war et fir de President vum Gaart an Heem Réiden, Raymond Schlim, eng besonnesch Freed di vill Memberen an Éieregäscht ze begréissen a jidderengem Merci ze soe fir di gutt Zesummenaarbecht an dat intensiivt Schaffen iwwert dat ganzt Joer. Am Uschloss un eng Gedenkminutt war et un der Sekretärin Nadine Nickts fir de gutt gefëllten Tätegkeetsbericht mat iwwer 20 Aktivitéiten nieft fënnef Comitéssëtzunge vum vergaangene Joer ze presentéieren. Ausflig, Eisekuchebaken, Visitten, Hierkenowend, Representatioune bei Fester asw, hunn dat ganzt aktivt Joer ergänzt. Fir dëst Joer sti bis elo dës Datumer scho fest am Kalenner: Mammendagsfeier (15. Juni); Hierkenowend (15. November); Chrëschtmaart souwéi en Ausflug goufen an d’Ae gefaasst. Weider Informatioun ginn am Laf vum Joer nach matgedeelt. Di positiv Finanzlag vum Christiane Poul ass vun de Keesserevisoren Gaby Raposo a Cédric Bradara als exakt bestätegt ginn. Fir di finanziell Ënnerstëtzung vun der Gemeng a vum Kropemannsfest gouf et en extra Merci. Och un déi zwou bedeitend Scheckiwwerreechunge fir sozial Wierker ass erënnert ginn. Als Vertrieder vum CTF-Verwaltungsrot hunn d‘Chantal Wirtz an d’Alix Weimerskirch d’Engagement vum aktive Comité vun der Réidener Sektioun mat hire ville Membere besonnesch gelueft an hinne weiderhi vill Erfolleg gewënscht. A senger Ried huet de Buergermeeschter Henri Gerekens di vill Aktivitéite begréisst an och Merci gesot fir di steet Presenz bei alle Manifestatiounen, di vun der Gemeng Réiden organiséiert ginn. No senge Gléckwënsch un all Laureaten, déi um Concours Villes et Villages fleuris fir d’Verschéinerung vun den Uertschaften deelgeholl hunn, goufen d‘Famille mat engem Akafsbong belount.
Charles Reiser
via mywort