Generalversammlung
D‘Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl. kuckt op en erfollegräicht Joer zréck
Walfer. D‘Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl. hat kierzlech hir Generalversammlung zu Walfer am Centre Prince Henri, wou am Ganzen 38 Memberen dobäi waren. Mat insgesamt 391 Membere weist d’Associatioun HOBBYKL weider eng staark a wuessend Gemeinschaft vun Hobbykënschtler zu Lëtzebuerg. Am Réckbléck op dat vergaangent Joer huet de Veräi mat 28 Versammlungen an 13 verschiddenen Aktivitéiten eng beandrockend Aktivitéit gewisen. D‘Membere waren aktiv a verschiddene kreative Projete bedeelegt an hunn zu engem liewege Veräinsliewe bäigedroen. Finanziell ass de Veräin an enger gesonder Form, mat engem Saldo deen en Iwwerschoss vun 255 Euro opweises huet. Dës positiv
Entwécklung erméiglecht et dem Veräin seng Aktivitéite weider auszebauen an artistesch Diversitéit ze fërderen. An der Generalversammlung gouf de Programm fir dëst Joer virgestallt, deen eng Rei spannend an inspiréierend Eventer fir d‘Memberen enthält. Dës reeche vun Ateliere bis Ausstellunge bis gemeinsame Projeten entwéckelt fir kreativ Zesummenaarbecht ze fërderen. Den detailléierte Programm fënnt een op www.hobbykl.lu.
Op der Versammlung krute verschidde Memberen eng besonnesch Unerkennung fir hir exzellent Hëllef an hir laangjäreg Loyalitéit un d‘Associatioun. D‘Éiere fir zéng Joer Memberschaft ënnersträichen d‘Kontinuitéit an d‘Engagement vun de
Membere fir hir gemeinsam artistesch Leidenschaft. De Verwaltungsrot vum Veräin, deen aus zéng engagéierte Leit besteet, gouf a senger Roll bestätegt a setzt sech weider fir Konscht ze fërderen an de Gemeinschaftsgeescht ze kultivéieren. D’Generalversammlung ass an enger geselleger Ambiance mat engem klenge Maufel ofgeschloss ginn, deen d’Méiglechkeet huet sech Iddien auszetauschen an nei Pläng fir dat nächst Joer ze maachen. D‘Associatioun Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl. kuckt positiv an d‘Zukunft a freet sech op e weidert Joer voller kreativer Inspiratioun a gemeinsame Projeten. Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl
via mywort