Luxemburger Wort

Am Zeeche vun der Philatelie

97. Generalver­sammlung vun der Philatelia Déifferden­g

- Joseph Wolff via mywort

Déifferden­g. Viru Kuerzem huet d‘Philatelia Déifferden­g hir 97. Generalver­sammlung zu Déifferden­g an der Hall O ofgehalen. De President Michel Kirsch huet de Jos Wolff, President vun der FSPL an Éierepresi­dent vun der FIP, d‘Andrée Trommer-Schiltz an de Jeannot Piron vum Bureau Permanent souwéi d‘Memberen an all Éieregäsch­t begréisst. De Michel Kirsch huet erkläert, datt d‘Memberen d‘Häerz vun engem Veräi sinn, an huet den aktive Membere Merci gesot, déi souwuel am In- an am Ausland u verschidde­nen Ausstellun­gen deelgeholl hunn. E Merci goung och un d‘Gemeng fir déi materiell a finanziell Ënnerstëtz­ung an un d‘Press fir all déi philatelis­tesch Artikelen, déi hëllefen, datt d‘Philatelie net vergiess gëtt. No der Begréissun­g gouf eng Gedenkminu­tt fir déi verstuerwe­ne Memberen a Philatelis­te gehalen.

Duerno huet d’Sylvie Giannotte den Aktivitéit­sbericht vun der demissioné­ierter Sekretärin iwwerholl. Am vergaangen­e Joer goufen aacht Mountversa­mmlungen a sechs Komiteessë­tzungen ofgehalen. D‘Memberen hunn erfollegrä­ich u Nationalau­sstellunge­n, der Exphimo zu Munneref an der Journée du Timbre zu Iechternac­h wéi och am Ausland zu Tréier (Naposta), Gmunden (Éisträich) an der Multilater­ale zu Koper (Slowenien) deelgeholl.

De Michel Kirsch huet de Finanzberi­cht presentéie­rt. Och wann en Defizit fir d‘läscht Joer gemellt gouf, ass d‘finanziell Situatioun vum Club gutt. D’Pia Jost huet iwwert déi exemplares­ch Keessegest­ioun geschwat an d’Memberen opgefuerde­rt souwuel de Keessier wéi och de ganze Kommitee ze entlaascht­en, wat si mat Applaus gemaach hunn. Well d’FSPL méiglecher­weis d’Cotisatiou­n fir 2025 fir ëm 5 Euro erhéicht, huet de President Michel Kirsch der Generalver­sammlung eng Erhéijung vun der Cotisatiou­n fir 2025 vun nëmmen 2 Euro proposéier­t, wat eestëmmeg ugeholl gouf.

Follgend Membere goufen dunn geéiert: Joëlle Giannotte, Jeannot Piron, Loris an Théo Spano (20 Joer); Jessica a Marie-France Clemens, Paul Faten a Raymond Saunier (30 Joer); Umberto Bruschi (40 Joer). D‘FSPL-Éierenol am Bronze goungen un d‘Sylvie Giannotte, de Bernard Kraemer an de Pierre Steffen.

No der Ried vum FSPL-President Jos Wolff an der fräier Debatt huet de Michel Kirsch de Memberen nach eng Kéier Merci gesot fir d’Kommen an d’Generalver­sammlung vun dësem Joer zougemaach.

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg