Scheckiwwerreechung
De Lions Club Luxembourg Europe iwwerreecht 15 000 Euro un dräi Associatiounen
Lëtzebuerg. Viru Kuerzem huet de Lions Club Luxembourg Europe als Resultat aus hiren actions sociales am Exercice 2022/2023 dräi Schecken am Gesamtwäert vu 15 000 Euro un dräi Associatiounen iwwerreecht. Dozou gehéiert och den Erléis aus dem Verkaf vun hirem Bio-Cremant, deen d’Kellerei Sunnen-Hoffmann ënnert dem Numm „Crémant de Luxembourg Schengen Europe“fir de Club produzéiert.
De Past-President Marc Loesch konnt zesumme mam aktuelle President Georges Bingen dem Olivier Conrardy, President vun der Associatioun Aide aux Philippines, 5 000 Euro iwwerreechen. Zënter senger Grënnung nom schwéieren Taifun Haiyan am Joer 2013, engagéiert sech d’Associatioun ënnert dem Impuls vum Olivier Conrardy, d’Liewe vun deenen duerch d’Naturkatastrophen an aneren Noutfäll betraffene Mënschen duerch humanitär Hëllef op der Plaz ze verbesseren. Dozou gehéieren de Bau vun Holzhaiser, Installatioune fir den Zougang zu propperem Drénkwaasser, awer och d’Entwécklung vu Bildungs- an Entwécklungsprogrammer an aner Aktivitéiten.
5 000 Euro sinn och dëst Joer erëm un d’Organisatioun Theresia’s Orphans and Vulnerable Children Foundation Namibia gaangen, eng Organisatioun, déi de Lions Club Luxembourg Europe schonn zënter 2007 finanziell ënnerstëtzt. Dëse Projet, dee vun engem Lëtzebuerger geleet gëtt, deen an Namibia wunnt a schafft, ënnerstëtzt Kanner, déi hir Eltere verluer hu resp. Elteren hunn, déi sech net ëm d’Kanner këmmere kennen. D‘Zil besteet doran, de Kanner et ze erméigleche, selbststänneg ze liewen, ouni finanziell Ënnerstëtzung aus dem Ausland. Aktuell ass d’Organisatioun domat beschäftegt, hiren Hostel, dee 24 Kanner empfänke kann, nei ze amenagéieren a fir weider Aktivitéiten auszebauen.
Weider 5 000 Euro ginn un den Dr. Georges Kratzenberg a seng Associatioun Un sourire pour l’Equateur asbl., déi de Lions Club Europe zënter 2018 ënnerstëtzt. Dëse Projet huet zum Zil, de Leit an engem vun deenen äermste Länner vu Südamerika den Accès zur d’Zännmedezin ze erméiglechen. Et geet hei och dorëm, de Leit, déi elementar Zännhygiène ze erklären an och Zänndokter auszebilden an hinne Material zur Verfügung ze stellen.
Lions Club Luxembourg Europe
via mywort