Grousse Joresréckbléck
Generalversammlung vun der Amicale des Anciens Spuerkeess
Lëtzebuerg. Viru Kuerzem war d’Generalversammlung vun der Amicale des Anciens Spuerkeess. De President Fränz Pauly huet d’Membere begréisst an hinne Merci gesot, datt si esou zuelräich komm sinn. Genee 50 Memberen haten sech am Konferenzsall Rousegäertchen vun der Spuerkeess afonnt. A senger Usproch ass hien dann op d’Evolutioun vun de Memberszuelen agaang, wat unhand vu Statistiken, déi de Raymond Suhren erstallt hat, flott illustréiert gouf. Duerno ass deene 16 Membere geduecht ginn, déi zënter der leschter Generalversammlung verscheet sinn.
Uschléissend huet de Sekretär Mario Reding den Aktivitéitsbericht vum leschte Joer presentéiert. Hien ass am Detail op déi insgesamt zwielef Aktivitéiten agaang. Dorënner ware sechs Visitten, zwee Trëppeltier, en Dagesausfluch op Metz, eng grouss Siwen-Deeg-Flosscroisière op der Donau an déi alljärlech „Journée des anciens“. Hien huet och iwwer déi vill Initiative geschwat, déi am Laf vum Joer ënnerholl goufen, fir d’Amicale méi bekannt ze maachen a méi attraktiv duerzestellen.
De Keessier Henri Barnich ass duerno op déi finanziell Situatioun vun der Amicale agaang. Dobäi huet hie missen en Defizit verzeechnen, deen haaptsächlech op déi héich Participatioun vun der Amicale bei verschiddenen Aktivitéiten zréckzeféieren ass. Déi zwee Keesserevisoren Marcel Wiltgen a Patrice Garcia hunn him eng exemplaresch
Buchféierung attestéiert. Duerno ass de Fränz Pauly op déi geplangten Aktivitéite vum aktuelle Joer agaangen. D’Generalversammlung huet uschléissend d’Propositioun vum Comité approuvéiert fir d’Cotisatioun fir dëst Joer onverännert ze loossen.
Uschléissend ass de Rudi Belli an enger interessanter Presentatioun op déi aktuell Situatioun vum Finanzsecteur a seng Evolutioun agaang. D‘Yosra Benslimen ass op d’Evolutioun vun der Intelligence artificielle op der Bank agaang.
Zum Schluss gouf e Patt mat engem klenge Maufel vun der Spuerkeess offréiert. Iwwerdeems gouf eng Foto- a Videoshow iwwert d’Aktivitéite vum leschte Joer gewisen.
Mario Reding via mywort