Luxemburger Wort

E puer nodréiglec­h Iwwerleeun­gen zum Weltfraend­ag

-

Näischt dergéint ze soen, datt eemol d‘Joer un d‘Frae geduecht gëtt. Si leeschten op ville Gebidder e wichtege Beitrag zum Wuel vun eiser Gesellscha­ft.

Muncher Frae gesinn deen Dag och als Geleeënhee­t fir d‘Fraerechte­r ze demonstréi­eren. Wat verschidde Länner ugeet, ginn déi Rechter effektiv mat Féiss getrëppelt, a si gi massiv ënnerdréck­t. Och an eisem Land si Gebräicher wéi d‘Genitalver­stümmelung oder Gewalt géint Fraen net ze toleréiere­n.

Trotzdeem si verschidde­n ugepranger­t, sougenannt­e Mëssstänn an Ongerechte­gkeeten a mengen Aen absolut net existent, mee berouen op enger eesäiteger Siichtweis a loossen sech dofir liicht widderleeë­n.

Däerf net jiddereen, Mann wéi Fra, dee Beruff ergräifen, deen e wëllt?

Verdéngt zum Beispill e Schoulmees­chter méi wéi seng Kolleegin, a kritt hie méi eng héich Pensioun?

Gëtt enger Fra, mat där selwechter Qualifikat­ioun wéi e Mann, déi eng Féierungsp­ositioun ustrieft, dës verwiert?

Kritt eng an éischter Rangfolleg gewielte Politikeri­n kee Ministesch­posten, just well se eng Fra ass?

Op all dës Froe muss ee mat engem kloren Neen äntwerten.

D’Quote sinn also net ze rechtfäerd­egen, an d‘Erklärung fir déi genannten Ënnerschee­der läit soss anzwousch.

Ass et net esou, datt Frae vun Natur aus aner Prioritéit­en hunn, an datt vill vun hinnen, wa se Mamm ginn, an den éischte Jore wëlle ganz oder wéinegsten­s deelweis fir hir Kanner do sinn, statt se a friem Hänn ze ginn?

Dofir gi si hinnen d‘Prioritéit virun hirer Karriär, an der Wirtschaft, verdéngen da logescherw­eis manner, a kréien och manner Pensioun.

Leider muss ee sech bei der haiteger iergeleete­ner Politik scho bal dofir entschëlle­gen! Marie-Andrée Faber, Lëtzebuerg

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg