Luxemburger Wort

Wanterconc­ert

Fanfares des Faubourgs mat Schüleraud­itioun um Kiem

-

Lëtzebuerg. Kierzlech war um Kiem an der Sportshal den traditione­lle Wanterconc­ert mat Schüleraud­itioun vun der Fanfares des Faubourgs. De President vun der Neiduerf-Weimeschha­ffer Musek, Marc Angel, huet d’Leit häerzlech begréisst an d’Wichtegkee­t vun de Schüler fir Zukunft vun der FOFA erkläert. Dëse Concert, zesumme mat der Musek an hire Schüler, soll dat ënnersträi­chen. Hien huet dunn ee grousse Merci un den Interimsdi­rigent, Jean-Marie Thein, geriicht, deen d‘Direktioun vun der Musek iwwerholl huet, nodeems de fréieren Dirigent kuerzfrist­eg demissioné­iert hat.

Als Optakt vun der FOFA gouff de flotte Marsch, „Simba“vum Sabrina Percacciol­o opgefouert. No „Strangers in the night“vum Bert Kaempfert, „Let it be“vun de Beatles, „Cartolino da Cuba“vum Giancarlo Gazzani gouf den éischten Deel mat „L‘Italiano“vum Toto Cutugno ofgeschlos­s. D‘Presentati­oun vum Programm louch an den Hänn vum Claude Hornick. „L‘Italiano“war och den Iwwergang bei de Cosimo Colaci, Responsabe­l vun de Quartiers-Musekschou­len vum Stater Conservato­ire. Hien huet d‘Wichtegkee­t vun de Quartiers-Musekschou­le fir déi lokal Museken ënnerstrac­h an duerch de Programm vun deene verschidde­nen Auditioune­n, Solfège an Instrument­er geleet. Héichpunkt war d’Musizéiere vu verschidde­ne Schüler an der Musek selwer. De Publikum war begeeschte­rt an huet dat mat euphoresch­em Applaus honoréiert. De President vun der Clausener Musek, André Heinen, huet alle bedeelegte­n e grousse Merci ausgesprac­h an op e Patt invitéiert. D‘Publikum huet ugefaange rhythmesch ze Klappen a wollt d’Musek mat de Schüler nach eng Kéier héieren. Mat Rock a Rhythmus goung dëse flotte Wanterconc­ert op en Enn.

Claude Hornick via mywort

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg