Generalversammlung
Réckbléck vun der Sainte-Cécile Beefort a „Sang mat“Waldbëlleg/Haler
Beefort. D’Choralle Sainte-Cécile vu Beefort a „Sang mat“Waldbëlleg/Haler hu virun e puer Deeg hir Aktivitéiten aus dem leschte Joer der Ëffentlechkeet presentéiert an drop higewisen, dass si schonns zéng Joer zesumme sangen.
Bedéngt duerch déi schlecht Wiederkonditiounen, hunn sech kuerzfristeg eng sëlleg Memberen an Invitéeën ofgemellt. Besonnesch erfreet war d’Presidentin Danielle Baden-Lobitz iwwert d’Präsenz vun de Beeforter Gemengerotsmemberen a gläichzäiteg huet si déi Waldbëlleger Gemengerotsmemberen entschëllegt, déi deen Owend eng Sëtzung haten. No enger Gedenkminutt fir d’verstuerwe Memberen huet d’Eliane Donven-Seiwert de gemeinsamen Aktivitéitsbericht virgedroen, dee mat Fotoe vum Louis Boonen begleet war.
Déi zwou Choralle waren ënner anerem bei de Sonndes- a Feierdeegmassen, bei de Gottesdéngschter, de Kommiounen, de Kiermesmassen, den Doudemassen (14) an aner Geleeënheeten, ewéi zum Beispill Hochzäit oder
Gedenkfeieren, am Asaz. Net ze vergiesse sinn déi sëlleg Prouwe vun all Donneschdeg. Am ganze waren dat genau 100 Asätz.
Den 13. Mee stoung den absolutten Highlight um Programm. Déi zwou Chorallen haten d’Éier fir d’Oktavmass fir d’Paren aus der Regioun Iechternach ze sangen, dat zesumme mat deenen anere Chorallen aus der Regioun
Déi lescht Prouf virun der Summerpaus war eng aussergewéinlech Prouf. Si war ënnert dem fräiem Himmel beim Dirigent Claude Schmit am Gaart. No der Prouf huet hien si gutt verwinnt mat gudde Mäifel vum Grill an engem gudde Patt. Et war e ganz flotten an onvergiessleche Summerowend, wou vill gelaacht ginn ass an net nëmme gesongen. Direkt am Ufank vun der Summerpaus gouf een Dagesausfluch op Esch/Belval gemaach, wou eng ganz interessant Visitt vun den Héichiewen, dem Uni-Site asw. um Programm stoung.
Bei der fräier Aussprooch huet den Diakon Michel Bingen aus der Par Mëllerdall Merci gesot fir den Asaz vun den zwou Choralle, an d’Monique Kuijpers war frou, d’Chorallen aus de verschidde Perspektive kennenzeléieren an huet ebenfalls Merci gesot fir hir Leeschtungen, an hir Präsenze bei den erfreelechen, awer och manner erfreeleche Momenter an der Gemeng.
De gemeinsame Chouer besteet aus 20 aktive Memberen. Prouwe sinn donneschdes um 20. Auer zu Beefort am Proufsall.
Merci gesot kruten nach déi zwee Organisten, de Jean Schiltz an den Henry Wickens, deen och als Dirigent aspréngt, datt si op der Uergel begleede respektiv dirigéieren. E weidere Merci goung un den Dirigent Claude Schmit, fir säin Engagement a seng wäertvoll Aarbecht, souwéi un den Archivar Aloyse Weyler, deen ëmmer duerfir suergt, datt jiddereen déi richteg Nouteblieder huet.
Éier d’Generalversammlung mat engem gudde Maufel a Patt ofgeschloss gouf, gouf den Ausfluch vum 6. bis den 9. September op Bernkastel, Bonn an d’Ahrtal virgestallt.
Louis Boonen via mywort