Spende fir de gudden Zweck
Generalversammlung vun de Fraen a Mammen Schëtter
Schëtter. Wéi all Joer hunn sech d‘Membere vun der Fraen-aMammen-Sektioun Schëtter Enn Februar fir hier Generalversammlung getraff. A Schmatten zu Al-Schëtter huet d‘Presidentin Sanny-Louise Kemp vill Memberen an och de Buergermeeschter an aner Vertrieder vum Schäffena Gemengerot fir e gemittlechen Owend begréisst. Si huet festgestallt, dass de Veräin, de 27. Februar 1984 gegrënnt ginn ass, an elo scho 40 Joer aktiv ass.
Den Aktivitéitsbericht war, wéi ëmmer, relativ ausféierlech. Hei an e puer Wieder eng kleng Opzielung: am Mäerz an am Abrëll e Stand um Schëtter Maart, am Mäerz e Märchentour fir d‘Kanner, am Abrëll um Téléviedag hunn d‘Dammen sech ëm d’Kaffisstuff gekëmmert an si hunn och aktiv um Biodiversitéitsdag am Mee geschafft, am Juni konnt e grousse Patchwork un d‘Gemeng iwwerreecht ginn an den Erléis dovu geet un den Télévie. No der Summerpaus hunn d‘Bitzowender rëm ugefaang, fir Allerhellege konnten d’Leit Coupe bestellen, den traditionellen Adventsmaart war Ufank Dezember an zum Schluss koumen nach dräi Deeg Participatioun um Chrëschtmaart. Den Ausbléck op dëst Joer huet de Bericht vun der Sekretärin ofgeschloss.
De Keessebericht huet gewisen, dass déi finanziell Situatioun gesond ass. Déi vill Méi war net ouni Resultat. Sou konnten d’Fraen a Mammen vu Schëtter och dëst Joer dräi Schecke fir de gudden Zweck stëften. Den éischte Scheck war fir Aide à l’enfance de l’Inde-Népal, deen zweete Scheck fir KJT (Kannera Jugendtelefon) an den drëtte Scheck ass un Télévie gaang. Déi dräi Vereenegungen hunn sech kuerz virgestallt an hunn den Donateuren erkläert wat elo mat hire Sue geschitt.
Duerno ass d‘Presidentin fir 40 Joer Déngscht geéiert ginn an de Gebuertsdagskuch ass ugeschnidde ginn. Beim gemittleche Zesummesinn ass den Owend mat Iessen an Drénken ausgeklongen.