„D'Passioun vun eiser Här Jesus Christus nom Markus“
Die Frohbotschaft von „Pällemsonndeg“
auszeliwweren. Wéi d’Hohepriister dat héieren hunn, hu si sech gefreet a versprach, him Suen derfir ze ginn. Dunn huet hien no engem gënschtegen Ament gesicht, wou hien de Jesus ausliwwere kéint. Den éischten Dag an der Woch vum Matesbrout, wou d’Pessach-Lamm geschluecht gouf, soten dem Jesus seng Jünger zu him:
A – „Wuer solle mir higoen, fir d’Pessach-Iesse fir dech virzebereeden?“
E – Dunn huet hien der zwéi vun hinne virgeschéckt a gesot:
+ – „Gitt an d’Stad. Do kënnt een iech entgéint, deen en äerde Krou mat Waasser dréit. Gitt him no, an do, wou hien erageet, sot zum Haushär: ,De Meeschter léisst dir soen: Wou ass mäi Sall, an deem ech d’Pessach mat menge Jünger iesse soll?‘ Hie weist iech dann e grousst Zëmmer uewenop, dat prett ass, mat Këssen ausgeluegt. Bereet äis et do vir!“
E – D’Jünger si fortgaang a koumen an d’Stad. Si hunn alles esou fonnt, wéi hien hinnen et gesot hat, a si hunn d’Pessach-Iesse virbereet. Owes ass de Jesus mat deenen Zwielef komm. Wéi si um Dësch waren a giess hunn, sot hien:
+ – „Amen, ech soen iech: Ee vun iech, deen elo amgaang ass, mat mir z’iessen, liwwert mech herno aus.“
E – Si hunn ugefaang, verdrësslech ze ginn, an hunn een nom aneren zu him gesot:
A – „Ech dach net?“
E – Hien awer huet hinne geäntwert:
+ – „Et ass ee vun iech Zwielef, een, dee mat mir an déiselwecht Schossel zappt. De Mënschejong muss wuel säi Wee goen, esou wéi et iwwer hie geschriwwe steet. Gare awer deemjéinege senger, duerch deen de Mënschejong ausgeliwwert gëtt! Et wär besser fir dee Mënsch, wann hien ni op d’Welt komm wär.“
E – Iwwerdeems si giess hunn, huet de Jesus Brout geholl an den Herrgott gelueft; hien huet et gebrach, hinnen et ginn a gesot:
+ – „Huelt! Dat hei ass mäi Läif.“
E – Dunn huet hien e Kielech geholl an dem Herrgott merci gesot; hien huet hinnen e ginn, a si hunn alle- guer draus gedronk. An hie sot zu hinnen:
+ – „Dat hei ass mäi Blutt, d’Blutt vum Bond, dat fir der vill vergoss gëtt. Amen, ech soen iech: Ech drénken ganz sécher net méi vum Drauwestack senger Fruucht bis deen Dag, wou ech am Herrgott sengem Räich op en neits dervun drénken.“E – Nodeems si d’Luefpsalme gesong haten, sinn si erausgaang, op den Olivebierg. De Jesus sot zu hinnen:
+ – „Dir huelt alleguer Ustouss u mir, well et steet geschriwwen: Ech erschloen den Hiert, an d’Schof ginn ausenee gejot.1 Ma nodeems ech aus dem Doud erwächt gi sinn, ginn ech iech viraus a Galiläa.“
E – De Péitrus awer sot zu him:
A – „A wann se och alleguer Ustouss un dir huelen – ech net!“
E – Du sot de Jesus zu him:
+ – „Amen, ech soen dir: Hënt, an dëser Nuecht, nach éier den Hunn zweemol kréint, hues du mech dräimol verleegent.“
E – Ma de Péitrus huet sech drop behaapt:
A – „Esouguer wann ech mat dir stierwe misst – ech verleegnen dech net!“
E – Datselwecht hunn och all déi aner gesot. Du sinn si op eng Plaz gaang, déi Gethsemani heescht, an de Jesus sot zu senge Jünger:
+ – „Sëtzt iech hier, iwwerdeems ech biede ginn!“
E – Hien huet de Péitrus, de Jakobus an de Johannes matgeholl. Dunn huet hien ugefaang ze fäerten an onroueg ze ginn, an hie sot zu hinnen: + – „Meng Séil ass esou doudtraureg, Bleift hei a waacht!“
E – Hien ass e Stéck méi wäit gaang, huet sech op de Buedem gehäit an huet gebiet, datt déi Stonn waméiglech un him erlaanscht goe sollt. Hie sot:
+ – „Abba, Papp, fir dech ass alles méiglech: Huel dëse Kielech vu mir ewech! Et soll awer net dat geschéien, wat ech gär hätt, ma dat, wat s du wëlls.“
E – Wéi hie bei si hannescht gaang ass, waren si amgaang ze schlofen. Du sot hien zum Péitrus:
+ – „Simon, schléifs du? Waars du net emol amstand, eng eenzeg Stonn ze waachen? Waacht a biet, fir datt dir net a Versuchung gerot! De Geescht ass zwar wëlleg, mä d’Fleesch ass schwaach.“
E – Hien ass nees fortgaang an huet mat deene selwechte Wierder gebiet. Wéi hien op en neits bei si hannescht komm ass, waren si erëm amgaang ze schlofen: D’Ae waren hinnen zougefall. Si woussten net, wat si him äntwere sollten. A wéi hie fir d’drëtt koum, sot hien zu hinnen:
+ – „Schlooft roueg weider a rascht! – Et geet elo duer! D’Stonn ass komm. Kuckt, de Mënschejong gëtt elo an d’Hänn vu Sënner ausgeliwwert. Stitt op, loosse mer goen! Kuckt, deen, dee mech ausliwwert, kënnt.“
E – Hie war nach amgaang ze schwätzen, wéi de Judas, ee vun deenen Zwielef, dohi komm ass a mat him e ganze Koup Leit mat Schwäerter a Knëppelen – si ware vun den Hohepriister, de Schrëftgeléierten an den Eelste geschéckt ginn. Deen, deen de Jesus ausliwwere sollt, hat mat hinnen en Zeechen ofgemaach a gesot:
A – „Deen, deem ech e Kuss ginn, ass et. Huelt hien, féiert hien of a bewaacht hie gutt!“
E – Hien ass elo direkt op de Jesus duergaang a sot:
A – „Rabbi!“
E – an hien huet him e Kuss ginn. Dunn hunn déi aner Hand un de Jesus geluecht an hie festgeholl. Ee vun deenen, déi derbäistoungen, huet d’Schwäert gezunn, ass dermat op dem Hohepriister säi Kniecht lassgaang an huet deem en Ouer erof- geha. Du sot de Jesus zu hinnen:
+ – „Wéi géint e Raiber sidd dir mat Schwäerter a Knëppele lassgezunn, fir mech ze verhaften? Dag fir Dag war ech bei iech am Tempel an hunn iech geléiert, an dir hutt mech net festgeholl. Ma dat war, fir datt d’Schrëften an Erfëllung goe sollten.“
E – Dunn hunn d’Jünger hien am Stéch gelooss a sinn alleguer fortgelaf. Just ee jonke Mënsch, deen nëmmen e léngen Duch ëm sech geschloen hat, wollt him nogoen. D’Leit hunn hien ugehal, ma hien huet d'léngen Duch fale gelooss an ass plakeg fortgelaf. Dunn hu si de Jesus ofgefouert bei den Hohepriister. Alleguer d’Hohepriister, déi Eelst an d’Schrëftgeléiert sinn do zesummekomm. De Péitrus ass dem Jesus vu Wäitem bis an den Haff vum Hohepriister sengem Haus nogaang. Do huet hie sech bei d’Dénger gesat a sech um Feier gewiermt. D’Hohepriister an de ganze Sanhedrin hunn Zeienaussoe géint de Jesus gesicht, fir hien doutmaachen ze kënnen, mä si hu keng fonnt. Vill hunn der näämlech falsch géint hien ausgesot, mä hir Aussoen hunn net iwwerenee gestëmmt. Du sinn der e puer opgestan an hunn och falsch géint hien ausgesot; si hu behaapt:
A – „Mir hunn héieren, wéi hie gesot huet: ,Ech rappen dësen Tempel of, dee vu Mënschenhand gebaut ass, an an dräi Deeg riichten ech en aneren op, deen net vu Mënschenhand gebaut ass.‘“
E – Mä och do hunn hir Zeienaussoen net iwwerenee gestëmmt. Dunn ass den Hohepriister opgestan, huet sech an d'Mëtt gestallt an huet de Jesus gefrot:
A – „Äntwers du näischt op dat, wat si géint dech aussoen?“
E – De Jesus awer huet de Mond net opgedoen, hien huet iwwerhaapt näischt geäntwert. Op en neits huet den Hohepriister hie gefrot:
A – „Bass du de Messias, de Jong vun deem, deen héichgelueft sief?“
E – Du sot de Jesus:
+ – „Ech sinn et! An et kënnt eng Kéier den Dag, wou dir de Mënschejong, op där rietser Säit vun deem staarke Gott sëtzen, a mat de Wolleke vum Himmel komme gesitt‘!“
E – Dunn huet den Hohepriister seng Kleeder zerrass a sot:
A – „Wat brauche mir elo nach Zeien?! Dir hutt d’Gotteslästerung selwer héieren. Wat sot dir derzou?“
E – Alleguer hu si de Jesus veruerteelt a gesot, hien hätt den Doud verdéngt. En etlecher hunn ugefaang, op hien ze späizen, him d’Aen ze verbannen, hien ze schloen an zu him ze soen:
A – „Dajee, weis, datt s du e Prophéit bass!“
E – Och d’Dénger hunn him mat Streech opgewaart. Iwwerdeems de Péitrus ënnen am Haff war, koum eng vum Hohepriister senge Meed. Wéi si de Péitrus gesinn huet, deen amgaang war, sech ze wiermen, huet si sech hie gutt ugekuckt a sot:
A – „Och du waars mat deem vun Nazareth zesummen, deem Jesus do!“
E – Ma hien huet et geleegent a sot:
A – „Ech weess net an ech verstinn och net, vu wat s du do schwätz!“
E – Dueropshin ass hien erausgaang an de Virhaff. Dunn huet en Hunn gekréint. D’Mod, déi hien erkannt hat, huet elo ugefaang, zu deene ronderëm ze soen:
A – „Dach, deen doten ass ee vun hinnen!“
E – Op en neits huet de Péitrus et geleegent. E bëssche méi spéit hunn déi, déi ronderëm stoungen, zu him gesot:
A – „Et ass wouer, du bass ee vun hinnen;du bass dach och e Galiläer!“
E – Hien awer huet ugefaang mat Fluchen an huet geschwuer:
A – „Ech kennen dee Mënsch net, vun deem dir do schwätzt!“
E – Am selwechten Ament huet den Hunn fir d’zweet gekréint. Dunn huet de Péitrus sech un dat erënnert, wat de Jesus zu him gesot hat: „Nach éier den Hunn zweemol kréint, hues du mech dräimol verleegent.“An hien huet ugefaang ze kräischen. Gläich muerges fréi, nodeems d’Hohepriister mat deenen Eelsten, de Schrëftgeléierten an dem ganze Sanhedrin hir Decisioun geholl haten, hu si de Jesus gebonnen, hien offéiere gelooss an hien un de Pilatus ausgeliwwert. De Pilatus huet de Jesus efrot:
A – „Bass du de Kinnek vun de Judden?“
E – De Jesus huet him geäntwert:
+ – „Du sees et.“
E – Dunn hunn d’Hohepriister de Jesus wéinst enger ganzer Rei Saachen ugeklot. De Pilatus huet hien neess gefrot:
A – „Äntwers du näischt? Kuck, wéinst wat si dech alles ukloen!“
E – De Jesus awer huet näischt méi geäntwert, sou datt de Pilatus al verwonnert war. Fir d’Fest huet de Pilatus de Leit gewéinlech e Gefaangene fräiginn, een, deen si sech froe konnten. Deemools souz e Mann am Prisong, dee Barabbas geheescht huet, ze- summe mat anere Rebellen, déi bei enger Rebellioun een ëmbruecht ha- ten. Déi vill Leit, déi do waren, si bei de Pilatus eropkomm an hunn dat ver-laangt, wat hien hinne gewéinlech ginn huet. Hien huet si gefrot:
A – „Wëllt dir, datt ech iech de Kinnek vun de Judde fräiginn?“
E – Hien hat nämlech an Uecht geholl, datt d’Hohepriister him de Jesus nëmmen aus Näid ausgeliwwert haten. Mä d’Hohepriister hunn d’Leit opgestëppelt, datt de Pilatus hinnen éischter de Barabbas sollt fräiginn. De Pilatus huet si neess gefrot:
A – „Wat soll ech da mat deem maachen, deen dir de Kinnek vun de Judden nennt?“
E – Si awer hu gejaut:
A – „Looss hie kräizegen!“
E – Du sot de Pilatus zu hinnen:
A – „Wat huet hien da Schlechtes gemaach?“
E – Ma si hunn nach méi haart gejaut: