(Fortsetzung von Seite 19)
A – „Looss hie kräizegen!“
E – Fir de Leit entgéint ze kommen, huet de Pilatus hinnen de Barabbas fräiginn; nodeems hien de Jesus gäissele gelooss hat, huet hien den Uerder ginn, hien ze kräizegen. D’Zaldoten hunn de Jesus an den Haff, de sou genannte Prätorium, gefouert an déi ganz Kohort zesummegeruff. Si hunn him e purpurroude Mantel ugedoen an him eng Därekroun opgesat, déi si gebonnen haten.
Dunn hunn si ugefaang, hien ze gréissen:
A – „Vive de Kinnek vun de Judden!“
E – An si hunn hie mat engem Bengel op de Kapp geschloen an op hie gespaut; duerno hu si sech geknéit a sech virun him niddergeworf. Nodeems si esou de Spott mat him gedriwwen haten, hunn si him de purpurroude Mantel ausgedoen an him seng Kleeder nees ugedoen. Dunn hu si de Jesus erausgefouert, fir hien ze kräizegen. Si hunn e ge- wësse Simon vun Zyrene, dem Alex- ander an dem Rufus hire Papp, dee grad vum Feld koum, gezwongen, dem Jesus säi Kräiz ze droen. A si hunn hien op déi Plaz bruecht, déi Golgotha genannt gëtt, dat heescht iwwersat: Plaz vum Doudekapp.
Do hu si him Wäi gi mat Myrrhe dran, ma hien huet en net geholl. Duerno hu si de Jesus gekräizegt. A si hunn seng Kleeder opgedeelt, andeems si d’Lous gezunn hunn4, fir ze wëssen, wie wat kritt. Et war déi drëtt Stonn, wéi si hie gekräizegt hunn. Säi Verbrieche war op engem Schëld festgehal: De Kinnek vun de Judden. Mat him hunn si zwéi Raiber gekräizegt, een op senger rietser an een op senger lénkser Säit. Déi, déi laanscht goungen, hunn hie gelästert, si hunn de Kapp gerëselt a soten:
A – „Hee du, deen s du den Tempel ofrapps an en an dräi Deeg nees opbaus, rett dech selwer a klamm vum Kräiz erof!“
E – Op déiselwecht Manéier hunn och d’Hohepriister an d’Schrëftgeléiert de Spott mat him gedriwwen an zuenee gesot:
A – „Anerer huet hie gerett, sech selwer kann hien net retten! De Messias, de Kinnek vun Israel, hie soll elo vum Kräiz erofklammen, fir datt mir gesinn a gleewen!“
E – Och déi, déi mat him gekräizegt gi waren, hunn him Frechheete gemaach. (Hei stinn d’Leit op) Wéi déi sechst Stonn koum, gouf et am ganze Land däischter – bis déi néngt Stonn. An déi néngt Stonn huet de Jesus haart geruff:
+ – „Eloï, Eloï, lema sabachthani?“
E – Dat heescht iwwersat:
+ – „Mäi Gott, mäi Gott, firwat hues du mech verlooss?5“
E – E puer vun deenen, déi derbäi stoungen an et héieren hunn, soten:
A – „Kuckt, hie rifft den Elias!“
E – Dunn ass een dohi gelaf, huet e Schwamp an Esseg gezappt an en op e Bengel gestach. Hien huet dem Jesus ze drénke ginn a sot:
A – „Loosst gewäerden! Mir kucken emol, ob den Elias kënnt, fir hien erofzehuelen.“
E – De Jesus awer huet en haarde Kreesch gedoen an ass gestuerwen. (Kuerz Paus; d’Leit knéie sech) Dunn ass de Rido vum Tempel an zwee gerass, vun uewe bis ënnen. Wéi den Centurio, dee vis-àvis vum Jesus stoung, hien esou stierwe gesinn huet, sot hien:
A – „Dëse Mënsch war wierklech dem Herrgott säi Jong!“
E – Et waren och Fraen do, déi vu wäitem nogekuckt hunn, ënner hinnen d’Maria vu Magdala, d’Maria, dem Jakobus deem Klengen an dem Joses hir Mamm, an d’Salome – si waren dem Jesus nogaang an haten him gedéngt, wéi hien nach a Galiläa war. Et waren och nach vill anerer do, déi mat him op Jerusalem erop- komm waren. Herno, géint der Owend, a well et de Virbereedungsdag, den Dag virum Sabbat war, huet de Jouseph vun Arimathäa, en ugesinnene Member vum San- hedrin, deen och op dem Herrgott säi Räich gewaart huet, et gewot, bei de Pilatus ze goen an dem Jesus säi Läif ze froen. De Pilatus war verwonnert, datt de Jesus schon dout sollt sinn. Hien huet den Centurio komme gelooss an hie gefrot, ob de Jesus scho laang dout wär a wéi hie vum Centurio doriwwer Bescheed kritt hat, huet hien dem Jouseph deen Doudegen iwwerlooss. Dee Jouseph huet e léngen Duch kaaft, de Jesus vum Kräiz erofgeholl an hien an d'Duch agewéckelt. Dunn huet hien de Jesus an e Graf geluecht, dat aus engem Fiels erausgeha war, an huet e Stee virun den Agank vum Graf gerullt. D’Maria vu Magdala an d'Maria, dem Joses seng Mamm, awer hunn uechtgedoen, wouhinner de Jesus geluecht ginn ass.