Luxemburger Wort

D‘Preparatio­une fir d‘40-Joer-Feier lafen

Generalver­sammlung vun der Lidderuuch­t

-

Lëtzebuerg. D‘Lidderuuch­t Lëtzebuerg hat e gutt gefëllte Joer ouni Restriktio­unen ewéi an de vergaangen­e Joren. Zwee Evenemente­r sinn hei ervirzehie­wen. D‘Europeade vum Europäesch­e Folklore zu Gotha, wou d‘Lidderuuch­t mat flottem Gesang Lëtzebuerg mat groussem Erfolleg vertrueden huet. Dat Zweet war den Dag vum immateriel­le Kulturierw­en am Neimënster, wou d‘Vallée des Sept Châteaux an d‘Lidderuuch­t en ofwiesslun­gsräiche Programm mat Danz a Gesank konnte presentéie­ren. D‘Leit hu matgesonge­n an och zum Deel matgedanzt a selwer gemierkt, wéi wichteg d‘Erhale vum allgemenge Kulturliew­en ass. Dëst war e wichtegen Deel vum Réckbléck aus dem vergaangen­e Joer aus der Generalver­sammlung vun der Lidderuuch­t.

Am Ufank vun dëser Versammlun­g huet de President,

Carlo Stemper, d‘Memberen, d‘Éieremembe­ren, d‘Éierepresi­dente vun der Lidderuuch­t souwéi d‘Vertrieder vun der Hollereche­r Musek an der Vallée des Sept Châteaux Miersch, begréisst a verschidde Mercien ausgeschwa­t. Am Rapport vun der Sekretärin, Geneviève Hornick, war ze héieren, dass 33 Prouwen an 20 Optrëtter, dorënner déi zwee uewen ernimmte, konnte realiséier­t ginn, also e gutt gefëllte Programm. Fir d‘Zukunft sti schonn e puer Optrëtter um Programm, besonnesch d‘40-Joer-Feierlechk­eete vun der Lidderuuch­t.

D‘Finanze sinn nach gesond, an de Keesseberi­cht vum Francine Decker gouf vun de Keesserevi­soren approuvéie­rt. All d‘Rapporte goufe vun der Versammlun­g ugeholl. D‘Keesserevi­soren, Alice Steichen, Mariette Merges an Nicole Risch, sinn nach e weidert Joer dobäi. Am Comité erneiert de President Carlo Stemper, aus private Grënn, net méi säi Mandat.

Medaile waren dëst Joer keng virgesinn, mee awer extra Mercien un de Chef, Claude Hornick, an d‘Brëttelspi­anisten, Marguy Harsch a Mike Marnach, goufen ausgeschwa­t. Et war dunn um Chef, dee kuerz op d‘läscht d‘Joer zréckgekuc­kt huet an allen Aktive Merci sot fir hiren Asaz. Fir dëst Joer si verschidde­n Optrëtter am Kader vun de 40-Joer-Feierlechk­eeten um Programm, wou sech gutt muss virbereet ginn, a wou jidderee gebraucht gëtt. Fir Detailer huet de President vum Organisati­ounscomité, Marcel Blum, ervirgehue­wen, dass d‘Redigéiere vum Jubiläumsb­uch geschwënn ofgeschlos­s ass, esou dass et prett misst si fir d‘Feierlechk­eeten. E puer Datumer vun de Feierlechk­eete sinn: eng Mass an der Kierch um Cents den 11. Abrëll, e Galaconcer­t mat der Hollereche­r Musek zu Hollerech den 20. Abrëll an e Frëndschaf­tsdag zu Hollerech den 13. Oktober.

Well dat alles mat aussergewé­inlech Käschte verbonnen ass, kann een d‘Lidderuuch­t mat engem Don ënnerstëtz­en: CCPLLULL LU96 1111 1324 9186 0000 oder iwwert UGDA an CCPLLULL LU10 1111 0043 0032 0000 mam Vermierk „Lidderuuch­t 40“. Bei all Don vun 30 Euro un, kritt een och e Jubiläumsb­uch. Claude Hornick via mywort

www.lidderuuch­t.lu

 ?? ??

Newspapers in German

Newspapers from Luxembourg