Generalversammlung
Scheckiwwerreechung vun der Croix-Rouge-Sektioun Bartreng
Bartreng. D‘Sektioun Bartreng vun der Croix-Rouge hat viru Kuerzem hier alljärlech Generalversammlung. D’Presidentin Janine Reuland-Schneider huet d’Buergermeeschtesch Monique Smit-Thijs, esou ewéi d’Vertrieder vun der Gemeng, d’Catherine Gapenne, d’Yanica Reichel an den Henri Oberhausen-Krippler vun der Croix-Rouge all d’Quêteusen a Sympathisante vun der Sektioun begréisst. No enger Gedenkminutt fir déi verstuerwe Membere vun der Sektioun, huet d’Presidentin e Réckbléck op e gutt gefëllten d’Joer gemaach a si ass op de Programm vun dësem Joer agaangen. De Programm vum vergaangene Joer huet d’Manette Wapach-Lommel am Detail virgedroen. Dorënner waren ënner anerem d‘Präsenz bei der Grousser Botz, dem Multi-Kulti, der Ovatioun fir déi nei Buergermeeschtesch, den Nationalfeierdag an d’Journée de la Commération nationale souwéi dem Wantermaart vun der Gemeng. Och e Floumaart ass den Abrëll dobausse bei den Hunnen an am November am Centre Atert organiséiert ginn. Duerno huet d‘Simone Kremer-Schonckert de Keessebericht presentéiert. Well d’Keess ganz gesond ass, konnt ee Scheck vu 7 500 Euro un d’Yanica Reichel vum Service IRIS vun der
Croix-Rouge iwwerreecht ginn. Si huet duerno de Service IRIS virgestallt. Heibäi handelt et sech ëm Benevoller, déi sech ëm einsam Persoune këmmeren. Eng Quêteuse, d’Janette Lucas-Etienne ass fir zéng Joer geéiert ginn. D’Manette Wampach-Lommel huet mat engem Bouquet Merci gesot kritt fir hir Aarbecht wärend 30 Joer. D’Monique Smit-Thijs huet der Sektioun nach mat ville léiwe Wieder felicitéiert fir hiert Engagement an duerno ass bei engem klenge Maufel an engem Patt dësen Owend op en Enn gaangen. Simone Kremer-Schonckert
via mywort